En Tiger am Rousegäertchen

Vu Wikipedia

En Tiger am Rousegäertchen: Eng Farce iwwer dem Mittal seng Iwwernahm vun der Arcelor ass en Theaterstéck vum Marc Limpach, dat ënnert der Regie vum Frank Feitler den 10. November 2016 am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg seng Première hat.[1]

Ëm wat geet et am Stéck[änneren | Quelltext änneren]

D'Stéck geet ëm d'OPA vum Lakshmi Mittal op d'Arcelor, am Joer 2006, a wéi déi verschidden Acteuren - Arcelor-Management, Regierungsmemberen, Deputéiert, Press, Gewerkschaftler, Arcelor-Aktionären, "Mann/Fra vun der Strooss" - vun der Ukënnegung bis zu der endgülteger Fusioun vun ArcelorMittal drop reagéiert hunn.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'Stéck beschreift d'Schluecht tëscht Mittal an Arcelor aus enger Lëtzebuerger Perspektiv, als Gesellschaftsfarce iwwer de Konflikt tëscht nationalen Identitéiten an Intressen an der Globaliséierung, tëscht Finanzplaz an Industriegesellschaft, tëscht neoliberale Finanzmäert an dem europäesche Sozialmodell. Den Haaptdeel vun den Dialoge sinn Originalzitater, wéi s'a Communiquéen oder an de Medie gemaach goufen. Doduerch, datt d'Period vun engem hallwe Joer am Zäitraffer gewise gëtt, gi Meenungsännerungen a Revirementer däitlech ervirgehuewen.

Operation Tiger war de Codenumm vun der OPA, de Rousegäertchen ass d'Plaz vum deemolege Sëtz vun Arcelor.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Limpach: En Tiger am Rousegäertchen: Eng Farce iwwer dem Mittal seng Iwwernahm vun der Arcelor. Hydre Éditions, 2016. ISBN 978-99959-938-4-9.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op theatres.lu.