Enclos des fusillés (Noville)
Ausgesinn
Den Enclos des fusillés | |
Typ | Krichsmonument |
---|---|
Land | Belsch |
Gemeng | Baaschtnech |
Plaz | Noville-lez-Bastogne |
Koordinaten | 50°3'46,22"N, 5°45'38,34"O |
Den Enclos des fusillés zu Noville an der Gemeng Baaschtnech ass e Monument aus dem Zweete Weltkrich dat un den Doud vu 7 Awunner vun Noville oder aus der noer Ëmgéigend an e Lëtzebuerger Refractaire, de Michel Stranen, erënnert. Déi aacht Männer ware vun den SS den 21. Dezember 1944 an der Zäit vun der Ardennenoffensiv erschoss ginn.
Ënner den Affer waren ë. a. de Paschtouer an de Schoulmeeschter vum Duerf, souwéi de Papp vum belsche Ministre d'État Gérard Deprez an dee vum wallounesche Minister a Baaschtnecher Buergermeeschter Guy Lutgen.
Gedenkplack
[änneren | Quelltext änneren]Op der Gedenkplack vum Monument steet dësen Text:
ICI FURENT FUSILLES LE 21-12-1944
- Abbé Delvaux Louis
- Beaujean Roger
- Deprez Félix
- Deprez François
- Lutgen Auguste
- Henkinet Romain
- Rosière Joseph
- Stranen Michel
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Noville – Biller, Videoen oder Audiodateien |