Ensival

Vu Wikipedia
Ensival
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Verviers
Koordinaten 50° 34’ 53’’ N
      05° 50’ 21’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4800

Ensival ausgeschwat Enzival ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Verviers an der Provënz Léck.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Ensival eng eegestänneg Gemeng.

Ensival läit op enger Héicht vu ronn 160 Meter um lénksen Uwänner vun der Vesdre an ass mat enger Bréck an enger Foussgängerbréck mat Lambermont verbonnen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Ancien régime huet d'Uertschaft zum Prënzbistum Léck gehéiert a louch um Bann vun Theux a vu Verviers, déi deemools zum Marquisat vu Franchimont gehéiert hunn. 1656 ass et eng eegestänneg Gemeng ginn. Ënner dem Directoire huet d'Gemeng zum franséischen Departement Ourthe gehéiert.

De Wope krut Gemeng 1970 accordéiert. Déi dräi gréng Léiwe weisen datt se fréier zum Marquisat vu Franchimont gehéiert huet an déi blo Well steet fir d'Baach, Ruisseau de Préri, déi fréier Grenz tëscht Theux a Verviers gemaach huet[1].

Bekannt Persounen[änneren | Quelltext änneren]

Portal vun der Belsch: All Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Belsch

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Armoiries communales en Belgique Tome II, Säit 770