Enstatit-Chondrit

Vu Wikipedia
« Saint Sauveur » Enstatit-Chondrit EH5 1914
Den Neuschwanstein, en Enstatit-Chondrit, deen de 6. Abrëll 2002 erofgefall ass.
Abee-Meteorit

D'Enstatit-Chondritten (E-Chondritten) si Meteoritte vun enger rarer Grupp vu Chondriten, déi de Mineral Enstatit enthalen.

Si ënnerscheede sech vun de gewéinlechen a vun de kuelege Chondriten doduerch, datt d'Eisekomponent bal nëmmen a reduzéierter, metallescher Form virkënnt. Dat léisst drop schléissen, datt d'Urspronkskierper vun den E-Chondritten, och wa se haut an der Haaptasteroidenceinture sinn, ufanks an enger méi sauerstoffaarmer Ëmgéigend wéi déi gewéinlech Chondritten entstane sinn, dat heescht net an der Haaptasteroidenceinture, wéi déi gewéinlech Chondritten, mä a méi kuerzer Distanz zu der Sonn.

Aus Miessunge vum 53Cr/52Cr-Verhältnes vun de Chrom-Isotope vun Äerdprouwen, Marsmeteoriten an HED-Meteoritten aus der Haaptasteroidenceinture, gëtt geschloss, datt am Sonnesystem d'53Cr/52Cr-Verhältnes mat dem Ofstand zu der Sonn zouhëllt. D'53Cr/52Cr-Verhältnes vun den Enstatit-Chondritte géif deemno op eng Existenz vun Enstatit-Urspronkskierper bei 1,4 Astronomesch Eenheeten, knapps bannent der mëttlerer Marsbunn (1,524 Astronomesch Eenheeten) hindeiten.[1]

De Mohapatra an de Murty (2003) schléissen aus dem Verglach vun den Isotope vu Sauerstoff a Stéckstoff a Marsmeteoritten, gewéinleche Chondritten an Enstatit-Chondritten, datt de Mars aus Material dat deem vun den Enstatit-Chondritten an de gewéinleche Chondritte gläicht, an engem Verhältnes vu 74:26 akkretéiert huet.[2]

Ofhängeg vun hirem Metallundeel ginn d'E-Chondritten an d'Gruppen EH (High Metal, mat ongeféier 29% Eisen) oder EL (Low Metal, mat ronn 22% Eisen) agedeelt.

Béid Gruppen däerften awer vun engem kollektiven Urspronkskierper stamen. Beim EH4-Meteorit vun Abee (Kanada), dee mat 107 kg gréissten Enstatit, gëtt als Urspronkskierper de Planéit Merkur ugeholl, wat awer an der Fachwelt ëmstridden ass.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. A. Shukolyukov, G.W Lugmair: On The 53Mn Heterogeneity In The Early Solar System. Space Science Reviews, Bd. 92, Nr. 1-2, S. 225–236, 2000
  2. Ratan K. Mohapatra, S.V.S Murty: Precursors of Mars: Constraints from nitrogen and oxygen isotopic compositions of martian meteorites. Meteoritics & Planetary Science, Bd. 38, Nr. 2, S. 179–323, 2003 (Kurzfassung)
  3. Fotos und Klassifikation: Rumuruti Chondrite und Enstatit Chondrite.