Entente Izeg / RFCUL
| Entente Izeg/RFCUL | ||||
| Offiziellen Numm: | Entente Izeg/RFCUL | |||
|---|---|---|---|---|
| Veräinsfaarwen: | Blo, wäiss | |||
| Grënnung: | 2006 | |||
| Opgeléist: | 2009 | |||
| Stadion: | Stade Albert-Kongs a Stade Camille Polfer | |||
| Plazen: | 1200 / 2740 | |||
| President: | Ivica Repušić / Jean-Marc Faber | |||
| Trainer: | Nico Ruppert | |||
| Liga: | 1. Liga | |||
| Saison: | 2008/09 | |||
| Positioun: | 3. | |||
|
| ||||
D'Entente Izeg/RFCUL war eng Entente tëscht den Dammenekippe vum Izeger Veräin FC Blo-Wäiss Izeg an dem Stater Veräin Racing FC Union Lëtzebuerg.
D'Entente Izeg/RFCUL huet bestane vun der Saison 2006/07 bis d'Saison 2008/09 a si huet wärend deenen 3 Joer an der 1. Liga vum Lëtzebuerger Dammefoussballschampionat gespillt.
Hir Heem-Matcher hu s'um Stade Albert-Kongs zu Izeg respektiv am Stade Camille Polfer, dem fréieren Aris-Terrain, zu Bouneweg ausgedroen. Vereenzelt gouf och nach um Stade Achille Hammerel, dem fréieren Union-Terrain gespillt.
Wat d'Trikoten ubelaangt, sou war déi 1. Uniform: bloen Trikot (Broscht) mat wäissen Äerm, blo Box, blo Strëmp. Déi 2. Uniform bestoung aus engem hellbloen Trikot, enger wäisser Box an hellbloe Strëmp.
Gréisst Erfolleger waren 2007/2008 den Titel vum "Lëtzebuerger Vizechampion" am lëtzebuergeschen Dammefoussballchampionat, a Finalist vun der Coupe de Luxembourg. Ausserdeem konnt den Titel vum "Lëtzebuerger Hale-Champion 2008" (Futsal) verbucht ginn.
D'Zesummenaarbecht vun der Izeger Dammenekipp mat de Meedercher vum RFCUL gouf no der Saison 2008/09 opgeléist, an dëst mat enger 3. Plaz am Championnat.
Statistik:
- Saison 2006/2007 1. Liga: 3. Plaz/ 8, 35 Punkten
- Saison 2007/2008 1. Liga: 2. Plaz/10, 49 Punkten / Lëtzebuerger Hale-Champion 2008 (Futsal)
- Saison 2008/2009 1. Liga: 3. Plaz/10, 36 Punkten
Izeg huet sech fir d'Saison 2009/2010 mat Bous zesummegedoen (Entente Izeg/Bous) wärend den RFCUL elo mat enger eegener Dammenekipp um Championnat deelhëlt.

