Op den Inhalt sprangen

Esrange

Vu Wikipedia
Start vun der Fuerschungsrakéit Texus 49
De Submillimeter Teleskop BLAST mat Fuerschungsballon kuerz virum Start.
Start vun der Rakéit Skylark den 2. Mee 2002

D'Esrange (European Space and Sounding Rocket Range) ass eng Ballon- a Rakéitestartplaz fir de Start vun Héichtefuerschungsrakéiten an der Géigend vu Kiruna a Schweden. Esrange ass eng reng zivil Ariichtung, déi vun der Swedish Space Corporation (SSC) bedriwwe gëtt. Rakéiten- a Ballonstarte gi vum Esrange Andøya Special Project (EASP) vun der ESA koordinéiert. Memberstaate vum ESA/EASP si Frankräich, Däitschland, d'Schwäiz, Norwegen an Schweden.

Zu den Experimenter vun der Esrange gehéieren och Versich fir Material a Planzewuestem an der Schwéierlosegkeet am Kader vum TEXUS-Projet z'ënnersichen. Doriwwer eraus ginn och Stratosphäreballone gestart. Ausserdeem ass d'Esrange och eng Äerdfunkplaz (TT&C) fir en ettlech geostationär Satellitten (Tele-X), (Sirius Grupp) a fir e puer Polarorbiter (Odin asw.).

D'Startplaz gouf vun 1964 bis 1966 vun der European Space Research Organisation (kuerz ESRO), der Virleeferorganisatioun vun der ESA, opgeriicht. Déi éischt Rakéitestarte waren 1966. Den 1. Juli 1972 hat d'SSC d'Verwaltungsgebai vun der ESRO iwwerholl. Fir d'Testflich goufen ufanks meeschtens brittesch Skylark-Rakéite gebraucht. Zanter 2004 gëtt déi brasilianesch VSB-30 benotzt.

2007 an 2009 gouf op der Esrange den Heliumballon, mam Sonnenteleskop SUNRISE an d'Stratosphär gestart, fir vun do aus d'Sonn z'observéieren.

Notze fir de Weltraumtourismus

[änneren | Quelltext änneren]

2006 gouf vun der amerikanescher Firma Virgin Galactic e Vertrag mat der schweedescher Regierung fir d'Benotze vun der Startplaz fir Raumflich. Vun 2013 un, solle vun der Esrange aus Weltraumtouristen e puermol pro Woch fir Kuerzflich an de Raum starten.

Portal Astronomie

Commons: Esrange – Biller, Videoen oder Audiodateien