Op den Inhalt sprangen

Étienne Heuschling

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Etienne Heuschling)
Étienne Heuschling
Gebuer 6. Abrëll 1762
Lëtzebuerg
Gestuerwen 29. August 1847
Bréissel
Aktivitéit Linguist, Universitéitsprofesser

Den Étienne Heuschling, gebuer de 6. Abrëll 1762 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 29. August 1847 zu Bréissel, war e lëtzebuergesch-belsche Jurist a Philolog.

Hien huet säi Secondaire am Stater Kolléisch, deemools Collège royal thérésien genannt, gemaach.

1782 ass en zum Professer am Collège-internat royal de Namur genannt ginn. Kuerz duerno ass en dann awer op Louvain eng Lizenz am Droit maache gaang.

Dunn huet hien zu Roum orientalesch Sprooche studéiert; a 1788, no engem Concours an deem e ganz gutt ofgeschnidden hat, krut hien e Léierstull an der orientalescher Sprooch Syriaque op der Theologescher Akademie déi un der Sapienza-Universitéit gekoppelt war.

Zeréck an den Éisträicheschen Nidderlanden huet hien, vu 1790 un, Hebräesch um Collège des Trois Langues vu Louvain enseignéiert. Hie war souguer dee leschte Professer um Collège des Trois Langues, wéi dës 1517 gegrënnt Institutioun am Kontext vum franséische Regime 1797 ofgeschaf gouf.

Hien huet sech bestuet an ass op Bréissel wunne gaangen, wou en eng Zäitchen an der École centrale vum Departement Dyle grammaire générale-Coursë ginn huet.

Vun 1806 un huet hien op der École de droit de Bruxelles, déi grad just am Kader vun der Université impériale gegrënnt gi war, als Professeur suppléant Coursë ginn.

1817 gouf hien uerdentleche Professer fir Droit op der Université d'État de Louvain, déi grad vum hollännesche Pouvoir - nieft den Universitéite vu Léck a vu Gent - gegrënnt gi war.

  • Biographie générale des Belges morts ou vivants. G. Deroovers, Bruxelles 1850, 264 S. [Heuschling (Etienne): S. 216]. [1]
  • Nève, Félix, 1848. Étienne Heuschling et les derniers temps de l'enseignement de l'hébreu au collège des Trois-Langues. Annuaire de l'Université catholique de Louvain, 12e année, S. 274-320 [Biographie Heuschling: S. 302-320]. [2]
  • Neyen, Auguste, 1860. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 1. Luxembourg, P. Bruck, 480 S. [Heuschling, Etienne: S. 246-247].