Eugène Delacroix
Eugène Delacroix | |
---|---|
Gebuer |
26. Abrëll 1798 Saint-Maurice |
Gestuerwen |
13. August 1863 Paräis |
Doudesursaach | Tuberkulos |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
École nationale supérieure des beaux-arts, Lycée Louis-le-Grand, Lycée Corneille |
Aktivitéit | Moler, Diarist, Lithograph, Fotograf, Zeechner, Wandmoler, Bauzeechner, visuelle Kënschtler |
Member vun | Académie des beaux-arts |
Famill | |
Papp | Charles-François Delacroix |
De Ferdinand Victor Eugène Delacroix, gebuer de 26. Abrëll 1798 zu Charenton-Saint Maurice, a gestuerwen den 13. August 1863 zu Paräis, war e franséische Moler.
Hie gëllt, mam Théodore Géricault, als dee wichtegste franséische Moler vun der Romantik a gëtt och "literaresche Moler" genannt, well e gär literaresch Theeme verschafft huet, wourënner där vum Charles Baudelaire, William Shakespeare oder Dante.
Reesen a Spuenien an an de Maghreb haten e groussen Afloss op säi Wierk, wat d'Thematiken an den Asaz vu Liicht ugeet, awer och well en do Moler wéi de Francisco Goya oder de Diego Velázquez studéiere konnt.
Duerno huet hien ongezielte Commandë kritt fir ëffentlech Gebaier mat Wand- oder Plaffongsmolereien ze rëschten, wéi z. B. de Salon du Roi an d'Bibliothéike vum Palais Bourbon a vum Palais du Luxembourg. Och de Plaffong vun der Appolon-Galerie am Louvre an de Salon de la Paix am Paräisser Stadhaus si vun him. Op der Weltausstellung vun 1855 war den Delacroix mat 42 Tableauen dobäi.
Nieft der Molerei huet den Delacroix och Buch-Illustratioune gemaach. Hie gouf 1857 Member vun der Académie des Beaux-Arts.
Zu senge bekanntste Wierker zielen La Barque de Dante, Le Massacre de Scio, La Mort de Sardanapale oder La Liberté guidant le peuple.
-
La Barque de Dante
-
Le Massacre de Scio
-
La Liberté guidant le peuple
-
Jeune Turc (an der Villa Vauban)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Wof, N., La Peinture Romantique, Paris, 1999
- Neret, G., Delacroix, Paris, 1999
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eugène Delacroix – Biller, Videoen oder Audiodateien |