Europäesch politesch Partei

Vu Wikipedia

Eng Europäesch politesch Partei oder einfach Europapartei ass eng politesch Partei oder en Zesummeschloss vu politesche Parteien, déi oder deen iwwer d'Grenzen an Europa an op dem Niveau vun der Europäescher Unioun aktiv ass. Si ass vun der EU reguléiert a setzt sech meescht aus de verschiddenen nationale Parteien aus de Memberstaaten zesummen, déi eng änlech politesch Ausriichtung hunn. Europaparteie goufe formell mam Traité iwwer d'Europäesch Unioun (1992) agefouert.

An der Vergaangenheet goufen Europaparteie formell als Politesch Partei op europäeschem Niveau bezeechent.[1]

Regulatioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir vun der EU unerkannt ze sinn an och EU-Fërdergelder kënnen ze erhalen, muss eng Europapartei bei der Autoritéit fir europäesch politesch Parteien an europäesch politesch Stëftungen enregistréiert sinn. Dat geet nëmmen, wann eng Europapartei Memberen aus mindestens engem Véierel vun den EU-Memberstaaten huet an hire Programm an Aklang mat de Wäerter vun der EU steet. Déi Wäerter sinn d'Wierd vum Mënsch, d'Fräiheet, d'Demokratie, d'Egalitéit, d'Rechtsstaatlechkeet, de Respekt vun de Mënscherechter an de Rechter vun de Minoritéiten.[2]

Europaparteien[änneren | Quelltext änneren]

Follgend Europaparteie si bei der Autoritéit fir europäesch politesch Parteien an europäesch politesch Stëftungen agedroen:[3]

Europaparteien, déi net unerkannt sinn[änneren | Quelltext änneren]

Follgend Parteie ware vun der EU unerkannt,[4] mee sinn et net méi well si d'Konditiounen dofir net erfëllen oder keen Enregistrement ugefrot hunn:

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Reglement Nr. 2004/2003 vum Europäesche Parlament a Rot vum 4. November 2003 iwwer d'Reegele fir d'politesch Parteien op europäeschem Niveau an hir Finanzéierung
  2. Viraussetzunge fir den Enregistrement vun Europaparteien am Artikel 3 vun der Reglement Nr. 1141/2014 vum Europäesche Parlament a Rot vum 22. Oktober 2014 iwwer de Statut an d'Finanzéierung vun den europäesche politesche Parteien an den europäesche politesche Stëftungen
  3. Lëscht vun den agedroene politesche Parteien op europäeschem Niveau (gekuckt de 4. Juli 2019)
  4. Fërdergelder vum Europäesche Parlament u politesch Parteien op europäeschem Niveau per Partei a per Joer (2016)
  5. 5,0 5,1 5,2 euobserver.com: Far-right political groups miss EU funding deadline (9. Oktober 2017)
  6. 6,0 6,1 euobserver.com: Ultra-right parties in EU funding axe (28. September 2018)