Europäesche Comité vun de Regiounen

Vu Wikipedia
Logo
Sëtz vum CvdR, am Jacques-Delors-Gebai zu Bréissel.

Den Europäesche Comité vun de Regiounen, deen duerch de Maastrichter Traité geschaf gouf, besteet aus 329 Representante vu regionalen a lokale Kierperschaften, déi vun den EU-Memberstaate proposéiert a vum Conseil vun der Europäescher Unioun op 4 Joer ernannt ginn. Hien huet säi Sëtz zu Bréissel.

D'Lëtzebuerger Membere sinn: Simone Beissel, Roby Biwer, Tom Jungen an Natalie Silva. Ersatzmembere sinn: Liane Felten, Linda Gaasch, Carole Hartmann, Vincent Reding, Jacqueline Breurer a Stephen de Ron (Stand: Abrëll 2024)[1].

D'Europäesch Kommissioun an de Conseil mussen de Comité vun de Regioune consultéieren, wann et ëm legislativ Propositioune geet, déi fir d'Regioune relevant sinn. Dorënner falen d'Educatioun, d'Kultur, d'ëffentlech Gesondheet, d'Trans-europäesch Netzer an d'Kohesiouns- a Strukturfongen (also deen Deel vum EU-Budget, mat deem an deene méi aarme Géigende Bau- oder soss Projeten ënnerstëtzt ginn). De Comité kann och vu sech aus Resolutiounen unhuelen.

Intern organiséiert e sech a 6 Kommissiounen, déi den Theemen no Projete vun den Avisen oder de Resolutiounen ausschaffen, déi da vun allen ofgestëmmt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Resultat vun der Sich no de Representante aus der "Regioun" Lëtzebuerg op cor.eurpoa.eu (nogekuckt: 2024-04-04).