Feierbech

Vu Wikipedia
D'Feierbech 100 Meter ueft der Tëntesmillen. Uewe lénks: D'Kläranlag Tëntesmillen. (Mee 2008).

D'Feierbech ass eng kleng Baach am Éislek, an der Gemeng Klierf am Kanton Klierf.

Si huet hir Quellen op den Héichte bei Kaalber, tëscht dem Haardmesbierg an Dackelt op 495 m. Vun der Quell un, leeft se no Osten, bis se laanscht Kaalber ass, an dann dréint se no Südosten. Si leeft dann an enger Griecht tëscht de Schleedkecken a Buergbierg (lénks) an Asbur (riets) weider bis laanscht d'Kläranlag Tëntesmillen a vun do weider op d'Tëntesmillen wou se an d'Our leeft.

D'Feierbech ass 2.400 Meter laang.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]