Ferenc Puskás

Vu Wikipedia
Ferenc Puskás
Gebuertsnumm Ferenc Purczeld Bíró
Pseudonym Puskás Öcsi, El Comandante Galopante, El Cañoncito Pum, Pancho Puskas
Gebuer 1. Abrëll 1927
Budapest
Gestuerwen 17. November 2006
Budapest
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Ungarn, Spuenien
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 169 Zentimeter
Gewiicht 72 kg
Veräin/Ekipp Real Madrid,
Spuenesch Foussballnationalekipp


De Ferenc Puskás, gebuer den 2. Abrëll 1927 zu Kispet (haut e Quartier vu Budapest) an Ungarn als Ferenc Purczeld, a gestuerwen de 17. November 2006 zu Budapest war de bekanntsten ungaresche Foussballspiller.

De Puskás mam Spëtznumm De Majouer oder och Puskás Öcsi ass ee fréieren ungaresche Foussballspiller an Trainer.

Hie war tëscht 1950 a 1954 Kapitän vun der ungarescher Nationalekipp. Héichpunkte vu senger Carrière waren ënner anerem 1953 ee 6:3 Gewënn géint England an d'Finall vun der Weltmeeschterschaft 1954 zu Bern géint Däitschland, wou Ungarn allerdéngs 2:3 verluer huet.

1956 ass de Puskás a Spuenie geplënnert an huet vun 1958 u bei Real Madrid gespillt.

Hien huet mam Real e puermol déi spuenesch Landesmeeschterschaft gewonnen an den Europapokal vun de Landesmeeschteren. E war och méi wéi eng Kéier op verschiddenen Tournoien de beschte Buteur.

Wéi hie bis d'spuenesch Nationalitéit hat, konnt hien och fir Spuenien 1962 op der Weltmeeschterchaft matspillen. Mat 39 Joer huet hien opgehale mat Spillen a gouf Foussballstrainer.

An där Funktioun huet hien 1971 Panathinaikos Athen bis an d'Finall vum Europapokal vun de Landesmeeschtere bruecht, a si goufen och e puermol griichesche Meeschter.

Vun 1993 u war hien Trainer vun der ungarescher Nationalmannschaft.

Zanter 2000 war hie schwéier krank an huet misse seng Zäit am Spidol verbréngen.

De Puskás gëllt als de beschten ungaresche Foussballist a seng Dossardsnummer 10 ass legendär ginn, soudatt no senger Zäit an de groussen Ekippen de Spillmécher déi Nummer gedroen huet.

Hie gouf vum Foussballweltverband an d'FIFA 100 opgeholl.

No him ass de Foussballstadion vu Budapest benannt: de Ferenc Puskás Stadion. Ausserdeem gëtt all Joer de Ferenc-Puskás-Präis un deejenege Foussballspiller verginn, deen de schéinste Gol wärend enger Saison schéisst.

Den Alfredo di Stefano an de Ferenc Puskás (riets), beim Real Madrid, 1965

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferenc Puskás – Biller, Videoen oder Audiodateien