Op den Inhalt sprangen

Fernand Neuray

Vu Wikipedia
Fernand Neuray
Gebuer 28. Mee 1874
Étalle
Gestuerwen 29. Mäerz 1934
Athen
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Journalist

De Fernand Neuray, gebuer am Mee 1887 zu Étalle (Provënz Lëtzebuerg), a gestuerwen am Mäerz 1934 a Griicheland, war e belsche Journalist.

Liewen a Wierk

[änneren | Quelltext änneren]

1914 gouf de Fernand Neuray Chefredakter vun der kathoulesch-konservativer Zeitung Le Vingtième Siècle. Hien huet do mat deem bekennenden Antisemit[1], an 1947 verurteelten Nazikollaborateur, Abbé Norbert Wallez, zesummegeschafft.

Wärend dem Éischte Weltkrich war de Fernand Neuray zu Le Havre, no bei der belscher Exilregierung, déi sech op Sainte-Adresse zeréckgezunn hat. Do huet hie seng publizistesch Aktivitéite fortgeféiert an och mam Pierre Nothomb a mam Gaston Barbanson un den Zukunftspläng fir d'Belsch geschafft. Ënner anerem sollt de ganze Grand-Duché vun der Belsch annektéiert ginn.

Am Mäerz 1918 huet de Fernand Neuray d'Zeitung La Nation belge gegrënnt an duerno dirigéiert.

Hien ass 1934 wärend enger Rees a Griicheland gestuerwen a krut doheem quasi e Staatsbegriefnes organiséiert.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Morelli, Anne Les grands mythes de l'histoire de Belgique de Flandre et de Wallonie, Evo-histoire, Bréissel, 1995, S.283