Ferschweiler

Vu Wikipedia
Ferschweiler
Wappen Ferschweiler.png
Alte Bauernhoefe, Ferschweiler - geo.hlipp.de - 15212.jpg
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees DEU Eifelkreis Bitburg-Pruem COA.svg Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng DEU VG Suedeifel COA.svg Südeifel
Awunner 1.022 (31 Dezember 2021)
Fläch 741 ha
Héicht 345 m
Koordinaten 49° 51’ 47.29’’ N
      06° 24’ 18.67’’ O
Telefonszon 06523
Postcode 54668
Websäit http://www.ferschweiler.de
Ferschweiler in BIT.svg


Ferschweiler ëm 1600; Zeechnung am Jean Bertels sengem Inventairesbuch vum deem, wat d'Abtei Iechternach all Joer zegutt hat.

Ferschweiler ass eng Uertsgemeng vun der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark a Rheinland-Pfalz.

Se läit op engem Plateau vum Lëtzebuerger Sandsteen, Ferschweiler Plateau genannt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ferschweiler gouf eng éischt Kéier 751 an enger Charte vum Klouschter Iechternach als Vilare ernimmt; et gëtt ugeholl, datt et op Reschter vun enger réimescher Besidlung zréckgefouert ka ginn. Bis un d'Enn vum 18. Joerhonnert ass d'Geschicht vu Ferschweiler enk mam Klouschter Iechternach verbonnen, deem et weltlech wéi kierchlech ënnerstallt war. A Chartë vun 1069 an 1148 gëtt d'Uertschaft Wilre genannt, als Vertswiler gëtt 1161 eng „ecclesia“, 1410 eng Kapell ernimmt. 1528 gouf et zu Verswiler néng Stéit.

1538 gouf eng Kierch am spéitgotesche Stil gebaut; den Tuerm dovun, no der Hl. Lucie Luzienturm genannt, steet nach haut do.

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

  • 1815 – 418
  • 1835 – 746
  • 1871 – 697
  • 1905 – 761
  • 1939 – 1151
  • 1950 – 834
  • 1961 – 996
  • 1965 – 950
  • 1970 – 965
  • 1975 – 941
  • 1980 – 912
  • 1985 – 905
  • 1987 – 877
  • 1990 – 921
  • 1995 – 903
  • 2000 – 866
  • 2005 – 893
  • 2007 – 886

Datequell: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • * De Luzienturm.
  • D'Ferschweiler Mille vu 1767 am Dall vun der Weilerbaach.
  • D'Parkierch St. Luzia, 1826 gebaut, an no 1947 restauréiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Christian Oberweis: Der Ferschweiler Leute Buch, 2001.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferschweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien