Festival luxembourgeois du Cyclisme Féminin Elsy Jacobs
De Festival luxembourgeois du Cyclisme Féminin Elsy Jacobs ass eng international Etappecourse fir Dammen zu Lëtzebuerg. Vun 2008 bis 2011 gouf si ënnert dem Nummm Grand Prix Elsy-Jacobs gefuer.
D'Course gouf ursprénglech vum SaF Zéisséng ënner dem Patronage vun der Gemeng Garnech an zu Éiere vun der Vëlossportlerin Elsy Jacobs (1933-1998) organiséiert. D'Elsy Jacobs war 1958 Weltmeeschterin an der Course en Ligne zu Reims ginn an hat dat selwecht Joer en neie Stonneweltrekord zu Mailand opgestallt.
De Grand Prix Elsy-Jacobs an de Grand Prix Nicolas-Frantz ginn zanter dem Joer 2012 vum Festival luxembourgeois du cyclisme féminin Elsy-Jacobs ersat deen als Etappecourse vun zwéin Deeg gefuer gëtt.
Historique
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Oplo vum Grand Prix Elsy-Jacobs gouf de 26. Abrëll 2008 zu Garnech an Ëmgéigend disputéiert a war an der UCI-Klass 1.1. D'Course mat Depart an Arrivée zu Garnech ass iwwer enger total Distanz vun 92,8 km (8 Ronne vu jee 11,6 km) gefuer ginn. De Parcours ass vu Garnech, laanscht Holzem, op Dippech, Duelem an zeréck op Garnech gaangen. D'Haaptschwieregkeet war de Stouss am Fockebësch Montée tëscht Holzem an Dippech, wou och de Biergpräiss disputéiert gouf.
Déi zweet Oplo vum Grand Prix Elsy-Jacobs gouf den 1. Mee 2009 an der Gemeng Garnech gefuer a war an der Klass 2.1. Gewënnerin war d'Russin Svetlana Boubnenkova.[1]
Den 30. Abrëll 2017 gouf de Grand-Prix Elsy-Jacobs fir d'éischt vun enger Lëtzebuergerin, der Christine Majerus, gewonnen[2].
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Gewënner | Zweeten | Drëtten | |
---|---|---|---|---|
2008 | Monia Baccaille | Nathalie Lamborelle | Marina Romoli | |
2009 | Swetlana Bubnenkowa | Grace Verbeke | Iris Slappendel | |
2010 | Emma Pooley | Monia Baccaille | Andrea Bosman | |
2011 | Marianne Vos | Judith Arndt | Emma Johansson | |
2012 | Marianne Vos | Annemiek van Vleuten | Adrie Visser | |
2013 | Marianne Vos | Giorgia Bronzini | Emma Johansson | |
2014 | Anna van der Breggen | Marianne Vos | Shelley Olds | |
2015 | Anna van der Breggen | Annemiek van Vleuten | Lucinda Brand | |
2016 | Katarzyna Niewiadoma | Katrin Garfoot | Anna van der Breggen | |
2017 | Christine Majerus | Eugenia Bujak | Ashleigh Moolman | |
2018 | Letizia Paternoster | Christine Majerus | Alexis Ryan | |
2019 | Lisa Brennauer | Demi Vollering | Elizabeth Banks | |
2020 | ofgesot | |||
2021 | Emma Norsgaard | Leah Kirchmann | Maria Giulia Confalonieri | |
2022 | Marta Bastianelli | Veronica Ewers | Silvia Persico | |
2023 | Ally Wollaston | Marta Bastianelli | Anouska Koster |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Erfolg für Fenixs bei 'GP Elsy Jacobs'. wort.lu.
- ↑ Festival Elsy Jacobs - Majerus feiert Gesamtsieg op worrt.lu vum 30. Abrëll 2017