Fiederwäissen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Lëtzebuerger Fiederwäissen.

Fiederwäissen ass neie Wäin, deen nach an der Gärung ass.

De Fiederwäisse gëtt et gemenkerhand kuerz nodeems d'Lies ugefaangen huet, also géint Enn September, uganks Oktober[1][2] an duerno fir ongeféier dräi Wochen.

Beim Kelteren (Pressen) vun den Drauwen entsteet Moscht ((de)Most). Am Moscht entstinn da frësch Hiefen (oder Heffen) déi den Zocker, deen am Moscht enthalen ass, vergären. Dobäi entsteet Alkohol a Kuelesaier. D'Hiefen, déi ausgesi wéi Millioune butzeg Plommen, ginn dem Wäin déi wäiss Faarf an och den Numm.

Trotz dëser Faarf an deem fruuchtegen, aromatesche Goût kann een net méi vun Drauwejus schwätzen: Den neie Wäi besteet aus 9 % Alkohol, deen duerch d'Kuelesaier relativ séier an d'Blutt transportéiert gëtt.

D'Gärung dauert normalerweis zwou bis dräi Woche bis de Wäin säin typeschen Aroma entwéckelt huet. Awer schonn no 10 Deeg schmaacht e séiss a fruuchteg. D'Gärung leeft sou laang bis d'Zockerreschter am Moscht alleguer vergäert sinn. Duerno gëtt de Wäi lues a lues ëmmer méi kloer an d'Hiefe setze sech um Fong of.

Am Prinzip kënnen all Wäinzorten als Fiederwäissen profitéiert ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt traditionell, wéinst sengem typeschen Aroma, de Rivaner geholl[1].

De Fiederwäissen, mat Verstand gedronk, wierkt sech och positiv op d'Gesondheet aus. Seng B1 - a B2 – Vitaminnen suerge fir eng reng Haut, e frëschen Teint a schéin Hoer. Ausserdeem botzt en d'Blutt an en entschlaakt de Kierper[Source?].

De Fiederwäissen soll am Stoe versuergt ginn an am beschte bei enger Temperatur vu 16° bis 18°[1], och nach bis 20°[2] Celsius genoss ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fiederwäissen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Fiederwäissen op vinsmoselle.lu, gekuckt de 5. Oktober 2018
  2. 2,0 2,1 C’est l’heure du Fiederwäissen! op luxembourg.public.lu, dem offizielle Internetportal vu Lëtzebuerg, gekuckt de 5. Oktober 2018