Op den Inhalt sprangen

Fiederwäissen

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger Fiederwäissen.

Fiederwäissen ass e Gedrénks dat als „neie Wäin“ bezeechent gëtt. Well et nach an der Gärung ass, ass et en Tëscheprodukt, tëscht dem Moscht (de. Most) an dem fäerdege Wäin.

De Fiederwäisse gëtt et gemenkerhand kuerz nodeems d'Lies ugefaangen huet, also géint Enn September, uganks Oktober[1][2] an duerno fir ongeféier dräi Wochen.

Beim Kelteren (Pressen) vun den Drauwen entsteet Moscht. Am Moscht entstinn da frësch Hiefen (oder Heffen) déi den Zocker, deen am Moscht enthalen ass, vergären. Dobäi entsteet Alkohol a Kuelesaier. D'Hiefen, déi ausgesi wéi Millioune butzeg Plommen, ginn dem Wäin déi wäiss Faarf an och den Numm.

Trotz dëser Faarf an deem fruuchtegen, aromatesche Goût kann een net méi vun Drauwejus schwätzen: Den neie Wäi besteet aus 4–9 % Alkohol, deen duerch d'Kuelesaier relativ séier an d'Blutt transportéiert gëtt.

D'Gärung dauert normalerweis zwou bis dräi Woche bis de Wäi säin typeschen Aroma entwéckelt huet. Awer schonn no 10 Deeg schmaacht e séiss a fruuchteg. D'Gärung leeft sou laang bis d'Zockerreschter am Moscht alleguer vergäert sinn. Duerno gëtt de Wäi lues a lues ëmmer méi kloer an d'Hiefe setze sech um Fong of.

Am Prinzip ka mat all Wäinzort Fiederwäisse gemaach ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt traditionell, wéinst sengem typeschen Aroma, de Rivaner geholl[1]. Verschidde Wënzer bidden d'Gedrénks awer och aus aneren Zorten un, dee se Fiederrouden a Fiederrosé nennen.[3]

De Fiederwäissen ass en natierlecht, net filtréiert Gedrénks an huet doduerch méi Inhaltsstoffer wéi fäerdege Wäin. Am Fiederwäisse sinn deemno eng Partie Vitaminnen (absënns Vitaminn B: Thiamin (B1), Riboflavin (B2), Niacin (B3), Pyridoxin (B6), Biotin (B7), Folsaier (B9) grad ewéi Vitaminn C) a Mineralstoffer wéi Kalium, Magnesium a Phosphor dran[3].

De Fiederwäisse soll am Stoe versuergt ginn an am beschte bei enger Temperatur vu 16° bis 18°[1], och nach bis 20°[2] Celsius genoss ginn. Well d'Gedrénks nach ëmmer an der Gärung ass, däerf d'Fläsch oder de Bidon an deem de Fiederwäissen dran ass, net ze vill fest zou sinn, fir datt de Kuelendioxid entwäiche kann, soss kéint de Behälter platzen. Wat de Fiederwäisse méi laang gehale gëtt, wat e manner Zocker a méi Alkohol enthält.

Den „neie Wäin“ ass an anere Länner ënnert dësen Nimm bekannt:

 Commons: Fiederwäissen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 Fiederwäissen op vinsmoselle.lu, gekuckt de 5. Oktober 2018
  2. 2,0 2,1 C'est l'heure du Fiederwäissen! op luxembourg.public.lu, dem offizielle Internetportal vu Lëtzebuerg, gekuckt de 5. Oktober 2018
  3. 3,0 3,1 Claude François, Start in den neuen Jahrgang mit dem „Fiederwäissen“, wort.lu, Weekend Magazin, 06.09.2025, S. 14