Filter (Optik)

Vu Wikipedia

Optesch Filtere sinn Dispositiver déi eng Parti vum Liicht duerchloossen, ouni en Afloss op säi Wee ze hunn. Se maachen dat no bestëmmte Krittäre wéi z. B. no der Wellelängt, dem Polarisatiounszoustand oder, meeschtens als Nieweneffet, dem Afallswénkel. Déi bekanntst optesch Filtere sinn d'Faarffilteren an d'UV-Filteren.

Verlafsfilter[änneren | Quelltext änneren]

Verlafsfilteren hunn eng iwwer d'Filterfläch kontinuéierlech verännerlech Filterwierkung. Si ginn agesat, fir stufelos astellbar Reduzéierungen z'erreechen, beispillsweis als verrutschbare Grokeel iwwer e schmuele Stralegank - wou de Gradient vum Filter vernoléissegt ka ginn oder awer de Stralprofil net beaflosst gëtt (zum Beispill gëtt e Laserstral, wa seng Intensitéitsverdeelung dem gaußsche Glackebou follegt, nëmme säitlech versat).

Zu de Verlafsfilteren zielen och déi normal neutralgro Centerfilteren, déi an der Fotografie besonnesch bei extreeme Wäitwénkelobjektiver agesat ginn, fir de Randliichtoffall ze kompenséieren.

Kantefilter[änneren | Quelltext änneren]

Transmissioun vum Rubin am optesche Beräich. All Wellelängten déi méi grouss sinn wéi 600 nm ginn duerchgelooss.

E Kantefilter huet zwee méi oder manner schaarf separat Spektralberäicher, an deenen de Filter transmittéiert (duerchléisseg ass) respektiv absorbéiert (onduerchléisseg ass) gëtt. En ass meeschtens als Héichpass ausgebilt, Déifpass-Kantefilter sinn nëmme mat schlechter Offband-Ënnerdréckung ze realiséieren. Well an der Optik éischter vun der Wellelängt wéi vun der Frequenz d'Ried ass, schwäetzt een am Plaz vun Héichpass oder Déifpass éischter vum Laangpass- (|cut-off filter) a vum Kuerzpassfilter (cut-in filter), jee nodeem, ob déi laangwelleg oder déi kuerzwelleg Spektraldeeler duerchgelooss ginn. Als Kant gëtt déi filterspezifesch Wellelängt bezeechent, déi den Absorptiouns- an den Transmissiounsberäich trennt.

Polarisatiounsfilter[änneren | Quelltext änneren]

De Polarisatiounsfilter besteet aus anisotrope Folien oder och aus a Reflexioun schaffenden dielektreschen Uewerflächen. E gëtt an der Fotografie benotzt, fir Reflexiounen ze beaflossen.

Interferenzfilter[änneren | Quelltext änneren]

Den Interferenzfilter ass e Filter, deen op Interferenzeffeten an opteschen Dënnschichte baséiert. Nieft Kantefilteren, Polarisatiounsfilteren a Verlafsfiltere kënnen Interferenzfiltere mat engem ganz schmuelen Ëffnungsberäich an engem héijen Ënnerdréckungsgrad vum Offband-Beräich hiergestallt ginn. Den Ëffnungsberäich (oder Notzberäich) ass deejéinege Wellelängteberäich (oder Spektralberäich), an deem de Filter eng héich Duerchléissegkeet (Transmissioun (Physik)) huet. De Spektralberäich baussenzeg vun deem Duerchléissegkeetsberäich nennt een "offband". Hei weist sech d'Qualitéit vun engem Filter an niddregen Transmissiounswäerter: am Fall vun Interferenzfiltere gëtt dës Stralung reflektéiert, bei „normale“ Faarffilteren absorbéiert. Interferenzfiltere gi beispillsweis fir d'Ënnerdréckung vun infrarouder Stralung bei Bildsensoren an Digitalkameraen an a Projektiounssystemer agesat. Zu der Spezifikatioun vun opteschen Interferenzfiltere gëtt et d'International Norm ISO 9211 (Optik a Photonik - Optesch Schichten). Dës besteet aus den Deeler

  • Deel 1: Begrëffer[1]
  • Deel 2: Optesch Eegenschaften[2]
  • Deel 3: Ëmweltbestännegkeet[3]
  • Deel 4: Spezifesch Préifmethoden.[4]

Bayer-Filter[änneren | Quelltext änneren]

Dat ass e strukturéierte Faarffilter, dee jiddwer Pixel vun engem CCD- oder CMOS-Sensor en eegene Faarfauszuchsfilter virschallt, dee jee ee Wellelängteberäich duerchléisst (rout, gréng oder blo). Jee véier liichtempfindlech Pixele ginn dobäi zu engem Faarfpixel zesummegefaasst, kuckt Bayer-Sensor.

Komplementarfaarffilter[änneren | Quelltext änneren]

Dëse Filter ass geneesou strukturéiert wéi deen uewe beschriwwene Bayer-Filter, schafft awer amplaz vun de Primärfaarwe vun der additiver Faarfmëschung (rout, gréng, blo) mat deenen hiren (additive) Komplementarfaarwen (magenta, cyan, giel). Doduerch gëtt d'Liichtempfindlechkeet verduebelt, well e Primärfaarffilter späert 2/3 vum Spektralberäich (e Gréngfilter beispillsweis späert Rout a Blo), wärend e Komplementarfaarffilter nëmmen 1/3 späert (beispillsweis späert e Gielfilter nëmme Blo). Dëse Virdeel gëtt mat enger komplexer elektronescher Faarfdekodéierung erkaf.

Komplementarfaarffiltere ginn ë. a. a Camcorderen agebaut, fir hei bei kompakten Ofmiessungen an entspriechend ganz klenge Sensorplazen nach grouss Zoomfaktore (25-fach a méi) realiséieren ze kënnen, ouni déi elektresch Signalverstäerkung an der Ausliesschaltung, an domat och d'Signalrauschen iwwerméisseg klammen ze loossen. An aktuellen Digitalkamerae si Komplementarfaarffiltere ganz rar.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ISO 9211-1: Optik und Photonik - Optische Schichten - Teil 1: Begriffe (ISO 9211-1:2010), Beuth Verlag.
  2. ISO 9211-2: Optik und optische Instrumente - Optische Schichten - Teil 2: Optische Eigenschaften (ISO 9211-2:1994), Beuth Verlag. Diese Norm wurde überarbeitet und die Nachfolgeversion liegt bereits als DIS (Draft international Standard) vor.
  3. ISO9211-3: Optik und Photonik - Optische Schichten - Teil 3: Umweltbeständigkeit (ISO 9211-3:2008), Beuth Verlag.
  4. ISO 9211-4: Optik und optische Instrumente - Optische Schichten - Teil 4: Spezifische Prüfmethoden (ISO 9211-4:2006), Beuth Verlag.