Fleegestatioun fir wëll Déieren

Vu Wikipedia
Porte-ouverte an der Fleegestatioun de 6. August 2006

D'Fleegestatioun fir wëll Déieren (Centre de soins pour la faune sauvage) zu Diddeleng am Park Léi ass en Heem wat wëll Déieren déi blesséiert sinn, oder jonk Déieren déi verweest sinn, ophëllt fir se ze fleegen an duerno erëm auszewëlderen.

De Centre ass 1988 vun der Famill François-Polfer gegrënnt ginn an huet ufangs just Déieren aus Diddeleng an Ëmgéigend opgeholl. Spéider hu si hire Beréng erweidert an huelen haut Déieren aus ganz Lëtzebuerg an och de Grenzregiounen op.

2002 huet dat neit Gebai vun der Fleegestatioun mat Ënnerstetztung vun der Gemeng Diddeleng, dem Ëmweltministère, der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga (LNVL), a vun Done vu Privatleit a Firmen am Park Léi seng Dieren opgemaach.[1]

No Zuelen déi si selwer uginn, huet de Centre 1988 83, 1999 1210 an 2002 1600 Déiere behandelt. Vun 2005 un waren et der ëm déi 2000 pro Joer[1].

2012 schaffen an der Statioun zwee haaptberufflech an eng Dose fräiwëlleg Mataarbechter.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 rsd (Raymond Schmit), 2012. Auf Tuchfühlung mit Wildtieren. Tag der offenen Tür in der Pflegestation der LNVL. Luxemburger Wort vum 10. Juli 2012, S. 26.