Fligermonument an der Roschheck

Vu Wikipedia
Fligermonument an der Roschheck
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Keel
Koordinaten 49° 28’ 36.08’’ N
      06° 00’ 23.15’’ O
Ageweit 30. Juni 1957

D'Fligermonument an der Roschheck ass e Monument op der N33, beim Flouer Roschheck, tëscht dem Keeler Poteau an dem Welteschgronn. D'Monument erënnert un den Doud vun zwéi Britten, déi do ëm d'Liewe koumen, well hire Fliger erofgefall ass[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. Juli 1952 koum et an der Géigend vum Keeler Poteau zu engem trageschen Accident. En zweemotoregen ziville Fliger vun enger englescher Firma fir Loftopname war ënnerwee fir op Klagenfurt wéi en am Flouer Krakaul, an der Géigend vun der haiteger N33 erofgefall ass. D'Maschinn, déi bal vertikal vum Himmel gefall ass, huet eng Eech ëmgerappt an ass a Stécker gefuer.

D'Aarbechter vum Arbedshaff (Roschhecker Haff) deen net wäit ewech war, hunn e Knuppert héieren a sinn op d'Plaz vum Accident gelaf. Fir déi zwéi Mann Besatzung – de Pilot an e Fotograf – koum all Hëllef ze spéit.

D'Ursaach, wéinst där de Fliger erofgefall ass, konnt ni gekläert ginn.

Den 30. Juni 1957 gouf e Monument zu Éiere vun deenen Zwéin ageweit. Et besteet aus enger einfacher Grafplack op där e Kräiz a follgenden Text agravéiert ass:

TO THE MEMORY OF
L.C.SHARLING AND D.G. DARVELL
(28.7.1918) (15.3.1921)
18.7.1952

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fligermonument an der Roschheck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell wou net anescht uginn: Informatiounspanneau beim Monument