Fluchfeld vun Näertrech

Vu Wikipedia
Gebaier beim Fluchfeld zu Näertrech (2014)

D'Fluchfeld vun Näertrech ass e Fluchfeld op enger Héicht vu 465 m (NG-L) zu Näertrech an der Gemeng Wanseler dat ënner Opsiicht vun där Gemeng exploitéiert gëtt.

Et ass e Fluchfeld dat net kontrolléiert ass, an op deem och keng Douane ass. Et kann nëmme bei gudde Wiederkonditioune, bei Flich op Siicht benotzt ginn (VMC). Eng aeronautesch Statioun mam Indikativ «NOERTRANGE INFO» gëtt op der Frequenz 126,95 MHz d'Informatioune wéi et ka benotzt ginn.

D'Pist, déi net macadamiséiert ass, ass 670 Meter laang a 40 Meter breet, a kann nëmme vu Fligere benotzt ginn déi e Maximalgewiicht vu manner wéi 2.000 Kilo hunn.

Verschidde Klibb organiséiere reegelméisseg Aktivitéiten, sou wéi z. B. Fallschiermsprangen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 14. November 1937 huet de Keeler Aéro-Club "op Näerter Kräiz" op Aluedung vun e puer Wolzer Leit Seegelfligere virgefouert. Doropshi gouf 1938 zu Wolz den "Aéro-Club des Ardennes Wiltz" gegrënnt, dee sech mat der Seegelfligerei beschäftege wollt, wéinst dem Ausbroch vum Zweete Weltkrich awer net aktiv konnt ginn.

Wärend dem Krich gouf vun der amerikanescher Arméi e provisoresche Militärterrain op der "Lou" installéiert.

Den 23. Abrëll 1954 koum d'Autorisatioun fir den Aérodrom vum Transportminister. 1955 gouf en neie Veräin ënner dem Protektorat vum Wolzer Gemengerot gegrënnt, deen awer schonn no engem Joer seng Aktivitéit wéinst interne Schwieregkeeten nees agestallt huet.

De 7. Juli 1955 gouf d'Fluchfeld offiziell ageweit.[1] Den 8. August 1957 gouf vum Wolzer Syndicat d'Initiative eng Kommissioun "Air-Tourisme" opgemaach, déi d'Nofolleg vum Wolzer Aéro-Club iwwerholl huet.

Am Joer 1957 sinn do 81 Fligere gelant, 1958 waren et der 422 an e Joer drop 526.

1958 gouf mat Hëllef vun der lëtzebuergescher Arméi 1,25 ha zousätzlechen Terrain vun den Hecke befreit an d'Fluchpist ëm 150 m verlängert. 1980 gouf se nach eng Kéier vu 500 m op 700 m verlängert.

1960 gouf e Clubhaus gebaut an eng Radio-Statioun installéiert. Schonn de 24. November 1972 gouf en neit Clubhaus offiziell ageweit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Evy Friedrich an anerer: Die Gemeinde Winseler mit Berlé, Doncols, Grümelscheid, Noertringen, Pommerloch, Schleif, Soller und Winseler, 1980, Bourg-Bourger (Flugplatz Noertringen: S. 96-98)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fluchfeld vun Näertrech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Einweihung des Airfields Wiltz-Nörtringen. Revue N°30 vum 23.Juli 1955 S.27