Fockemillen

Vu Wikipedia
Fockemillen
D'Fockemillen am Hierscht 2021
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Käerch
Buergermeeschter Daniel Wirth
Héicht 262 m
Koordinaten 49° 40’ 43.2’’ N
      05° 56’ 42.2’’ O
Postcode 8387
D'Äisch an am Hannergrond d'Fockemillen

D'Fockemillen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen op der Äisch an der Gemeng Käerch. D'Millen – déi och nach Iewescht Mille genannt gëtt – war déi fréier Bannmillen vun der Käercher Fockenherrschaft. D'Millen ass haut nach bewunnt, an de Millekanal existéiert nach.

D'Fockemillen hat e puer Meter méi wäit d'Äisch erof, hannert der haiteger Pompelstatioun vum SES, mat der Ënneschter Millen (haut Gréiwemillen genannt) eng Nopeschmillen, déi d'Bannmille vun der Rollenger Herrschaft war.

Am Joer 1734 gouf d'Fockemille vum Här vu Reiffenberg op 99 Joer un de Mathias Michel verpacht, mat Wunnhaus, Seeërei a Lännereien. D'Nokomme vum Piechter hunn dës Pacht fortgesat[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fockemillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notten a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Grün, Robert (1999/2000): Die Familie von Reiffenberg. Eigenverlag.