Fraiture (Tinlot)

Vu Wikipedia
Fraiture
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Huy
Gemeng Tinlot
Fläch 673
Koordinaten 50° 28’ 42’’ N
      05° 25’ 09’’ O
Postcode 4557

Fraiture ass eng Sektioun an der belscher Gemeng Tinlot. Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Fraiture zesumme mat der Uertschaft Houchenée eng eegestänneg Gemeng.

Déi éischt Schrëftstécker vu Fraiture gëtt et zanter 965. D'Härschaft vu Fraiture huet déi Zäit zum fräien Haff vu Léck gehéiert, a war duerno am Besëtz vun den Häre vun Houffalize, Mérode, Brialmont, Soumagne an Hayme de Bomal.

Haut ass Fraiture haaptsächlech bekannt wéinst sengem Centre neurologique, deen an der Plakkesclerose spezialiséiert ass, an un deen e Centre d'Hippothérapie ugeschloss ass.