François Decker

Vu Wikipedia
François Decker
Gebuer 14. Oktober 1918
Däitsch-Oth
Gestuerwen 5. Oktober 2019
Nidderfeelen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Historiker, Schrëftsteller

De François Decker, gebuer de 14. Oktober 1918 zu Däitsch-Oth[1] a gestuerwen de 5. Oktober 2019 zu Nidderfeelen, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Historiker.[2]

De François Decker huet sech en Numm gemaach als Lokalhistoriker vun der Gemeng Feelen, déi him ënner anerem d'Buch „Feulen 963 – 1963“ verdankt, dat fir Joerdausendfeier 1963 erauskomm ass.[3] Wärend méi wéi 20 Joer huet de Fr. Decker onentgeltlech an Zesummenaarbecht mam Landeshauptarchiv Rheinland-Pfalz d'Archiv vun der Herrschaft Buerschent opgeschafft a verëffentlcht.[4]

Donieft huet de François Decker sech mat Sujete wéi der Geschicht vun der Gemeng Waldbëlleg, dem Klëppelkrich, den Zaldoten aus dem Département des Forêts, déi an d'franséisch Arméi agezu goufen, etc., beschäftegt.

De Fr. Decker war Éieremember vun den Amis du château de Bourscheid an Éierebierger vun der Gemeng Buerschent. Hien gouf mam Verdienstordens des Landes Rheinland-Pfalz dekoréiert.[4],[5] De François Decker war bestuet mat der Elise Glod, gebuer den 1. Dezember 1921, déi e puer Deeg virun him, den 28. September 2019, gestuerwen ass.[6]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Decker, F., 1987. Regestenbuch des Archivbestandes Bourscheid im von Salis'schen Archiv auf Schloss Gemünden im Hunsrück (III). Les Cahiers de Bourscheid N° 4, 1987, S. 211-247.
  • Decker, F., 1985. Regestenbuch des Archivbestandes Bourscheid im von Salis'schen Archiv auf Schloss Gemünden im Hunsrück (II). Les Cahiers de Bourscheid N° 3, 1985, S. 99-163.
  • Decker, F., 1983. Regestenbuch des Archivbestandes im von Salis'schen Archiv auf Schloss Gemünden im Hunsrück. Les Cahiers de Bourscheid N° 2, 1983, S. 37-90.
  • Decker, F., 1983. Das Archiv von Bourscheid. Les Cahiers de Bourscheid N° 2, 1983, S. 7-36.
  • Decker, F., 1980. La conscription militaire au Département des Forêts. Niederfeulen, François Decker. Vol. I : De 1798 à 1808 ou de la levée primitive de l'an VII à la levée extraordinaire. Vol. II : De 1809 à 1814 ou de la levée de 1810 à la fin du régime français.
  • Decker, F., 1975. Le soulèvement de l'an VII appelé Kloeppelkrich. Hémecht, Hémecht Jg. 27(1975), H. 1, S. 33-48.
  • Decker, F., 1974. Le soulèvement de l'an VII appelé Kloeppelkrich. lère partie : Les événements. Hémecht Jg. 26(1974), H. 4, S. 439-472.
  • Decker, F., 1971. Lettres de soldats luxembourgeois au service de la France 1798-1814 conservées aux Archives de l'État. Luxembourg, Éd. François Mersch, 384 S.
  • Decker, F., 1969. Waldbillig : Christnach, Haller, Müllerthal : Geschichte der Gemeinde und der Pfarrei : mit einem kleinen Reiseführer. Luxemburg: Bourg-Bourger, 163 S.
  • Decker, F., 1963. Feulen: 963-1963 : Beitrag zur tausendjährigen Geschichte der Pfarrei und der Gemeinde. Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei, 436 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Muller, J.C., 1988. Bibliographie François Decker. Annuaire / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik 1988, S. 165-168.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxracines.lu
  2. Luxemburger Wort 2019-10-08, S. 56 (Doudesannonce vun der Famill).
  3. Luxemburger Wort 2019-10-08, S. 56 (Doudesannonce vun der Gemeng Feelen).
  4. 4,0 4,1 Luxemburger Wort 2019-10-08, S. 56 (Doudesannonce vun den Amis du château de Bourscheid).
  5. Liste der Träger des Verdienstordens des Landes Rheinland-Pfalz (2020-07-26). Gekuckt de(n) 2020-07-26.
  6. Luxemburger Wort 2019-10-01, S. 61 (Avis mortuaires).