François Delaporte

Vu Wikipedia
François Delaporte
Gebuer 29. Juni 1866
Oberhausen
Gestuerwen 16. Oktober 1914
Weiler
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Kanner Auguste Delaporte


De François Delaporte, gebuer den 29. Juni 1866 zu Oberhausen a gestuerwen de 16. Oktober 1914 zu Weiler (Wëntger)[1], war e lëtzebuergesche Bauer a Politiker.[2]

1907 krut de François Delaporte déi lëtzebuergesch Nationalitéit.[3]

Bei de Wale fir d'Chamber vum 13. Juni 1911 gouf de François Delaporte mat 568 Stëmmen als Drëtte vu 4 Kandidaten als Vertrieder vum Kanton Klierf an d'Chamber gewielt.[4]

Bei de Wale fir d'Chamber vum 13. Juni 1914 war de François Delaporte ee vu 4 Kandidate fir déi 3 Sëtz déi am Kanton Klierf ze besetze waren.[5] De François Delaporte gouf mat 568 Stëmmen als drëtten als Deputéierten an d'Chamber gewielt.[6]

Säi Jong den Auguste Delaporte war och Deputéierten an der Chamber.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De François Delaporte op www.deltgen.com
  2. Ried vum Chamberpresident beim Begriefnes vum François Delaporte source Luxemburger Wort vum 20. Oktober 1914
  3. Représentants du canton de Clervaux à la Chambre des Députés (1841 à 1918) vum Robert Philippart Säit 7 op der Websäit www.robertphilippart.eu
  4. D'Resultater vun de Kammerwahle vum 13. Juni 1911 an der Luxemburger Bürger=Zeitung vum 13. Juni 1911
  5. Verzeichnis der Kandidaten für die Kammerwahlen v. Dienstag, 13. Juni.an der 'Luxemburger Bürger=Zeitung vum 10. Juni 1914 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-11-01.
  6. Resultat vun de 'Kammerwahlen' vum 13. Juni 1914 an der Luxemburger Bürger=Zeitung vum 13. juni 1914 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-11-01.