Op den Inhalt sprangen

François Donven

Vu Wikipedia
François Donven
Gebuer 20. November 1893
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 18. Dezember 1955
Esch-Uelzecht
Aktivitéit Gewerkschaftler, Lokalpolitiker

De François Donven, gebuer den 20. November 1893 zu Esch-Uelzecht, an och do gestuerwen den 18. Dezember 1955, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker.[1]

Hien huet op der Adolf-Emil-Hütte/Arbed Esch-Belval geschafft an huet do probéiert, zesumme mat ë. a. dem Léon Weirich wärend dem Streik vun 1917 eng onofhängeg Gewerkschaft op d'Been ze setzen. Hie war 1920 ee vun de Grënnungsmembere vum Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband. Beim Streik vun 1921 gouf hien entlooss. Dono huet hie fir eng Liewensmëttelgrousshandlung geschafft.

Vun 1921 bis zu sengem Doud war hien zu Esch an engem Stéck Gemengeconseiller fir d'Lëtzebuerger Aarbechterpartei. Vum 1. Januar 1946 bis den 18. Februar 1946 war hien Interimsbuergermeeschter.

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot den 19. Dezember 1966 decidéiert, eng nei Strooss am Quartier Wobrécken no him ze nennen.[1]


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Quell, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.72-73.