François Hentges
| François Hentges | |
|---|---|
| Gebuer |
1. Juni 1885 Bouneweg |
| Gestuerwen |
1. Abrëll 1965 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Turner, Lokalpolitiker, Händschemécher |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1912 |
| Fonctioun | Gemengeconseiller, Schäffen |
| Famill | |
| Papp | Pierre Hentges |
| Geschwëster | Pierre Hentges |
|
| |
De François Pierre Hentges, Franz genannt, gebuer zu Bouneweg, den 1. Juni 1885, a gestuerwen den 1. Abrëll 1965 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Turner a Politiker.
Den Turner
[änneren | Quelltext änneren]De Franz Hentges ass op den Olympesche Summerspiller 1912 zu Stockholm an der Lëtzebuerger Turnekipp mat ugetrueden.[1]
D'Ekipp gouf am europäesche System déi véiert an am fräie System déi fënneft. Am Eenzel gouf hien den dräianzwanzegsten.
Op der Weltmeeschterschaft 1903 zu Antwerpen krut hie mat 20.000 Punkten um Barren eng Goldmedail. Am Klassement vun den Ekippen, goufen d'Lëtzebuerger déi drëtt.
Den Händschemécher a Politiker
[änneren | Quelltext änneren]De Franz Hentges war Händschemécher. Hien huet zu Bouneweg gewunnt a war zënter 1913 mat der Léonie Pauly[2] vu Biereng (Diddeleng) bestuet.[3]
Vun 1918 bis zur Fusioun mat der Stad Lëtzebuerg am Joer 1920 war hien am Gemengerot vun der Gemeng Hollerech-Bouneweg.[3] Duerno war hien nach bis 1928 Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, am Ufank, vum 18. Juli - 20. November 1920, esouguer als Schäffen.[3][4]
De Franz Hentges war Member vum Aarbechter- a Bauererot, deen den 10. November 1918 gegrënnt gouf, an deen dozou opgeruff huet, zu Lëtzebuerg d'Monarchie duerch eng Volleksrepublik z'ersetzen.[3]
D'Famill
[änneren | Quelltext änneren]De Franz Hentges ass de Jong vum Pierre Hentges (1853) an de Brudder vum Pierre Hentges (1890) deen am Gebuertsakt als Jakob Peter Hentges agedroen ass.[5]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Lëtzebuerger Turner op den Olympesche Spiller 1912 | ||
| Nicolas Adam - Charles Behm - André Bordang - Jean-Pierre Frantzen - Michel Hemmerling - François Hentges - Pierre Hentges - Jean-Baptiste Horn - Nicolas Kanivé - Émile Knepper - Nicolas Kummer - Marcel Langsam - Emile Lanners - Maurice Palgen - Jean-Pierre Thommes - François Wagner - Antoine Wehrer - Ferdinand Wirtz - Joseph Zuang | ||
| Lëtzebuerger Turner op der Weltmeeschterschaft 1903 zu Antwerpen |
| André Bordang - Antoine Bordang - Paul Fournelle - François Hentges - Albert Kayser - Theodore Kimmes - Nicolas Kummer - Jean Lacaff - Martin Müller |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De François Hentges op der Websäit Olympedia.com.
- ↑ Magdalena (Madeleine) Pauly, genannt Léonie, gebuer den 18. Juli 1883 zu Biereng (Diddeleng), a gestuerwen den 3. August 1944 an der Stad Lëtzebuerg. Quell: Luxroots.
- 1 2 3 4 Massard, J. A., 2022. Die medizinische Versorgung der Bevölkerung des Kanton Esch im 19. Jahrhundert. In: La santé publique dans le Bassin Minier : l’évolution de la santé publique dans le sud du Luxembourg – Gesundheitswesen im Bassin Minier: Beiträge zu einer Geschichte des Gesundheitswesens im Süden Luxemburgs. Mutations 12, Fondation Bassin Minier, Luxembourg, S. 47.
- ↑ Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, nº 52 (24.07.1920), p. 780. Digitised by the National Library of Luxembourg.
Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, nº 88 (26.11.1920), p. 1347. Digitised by the National Library of Luxembourg. - ↑ Luxroots.
