François de Curel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De François de Curel (ëm 1900)

De François de Curel, gebuer zu Metz 10. Juni 1854, gestuerwen zu Paräis de 26. Abrëll 1928, war e franséische Schrëftsteller an Dramaturg.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie staamt aus enger aler loutrengescher Famill an huet säi Studium bei de Jesuiten zu Metz gemaach. 1873 gouf hien op der École centrale ugeholl. Mä amplaz d'Nofolleg vu sengem Papp als Chef vun der Schmelz, déi der Famill gehéiert huet, unzetrieden, huet hie sech léiwer mat Literatur ofginn.

De François de Curel gouf de 16. Mee 1918 an d'Académie française gewielt wou en dem Paul Hervieu säi Stull krut. Hie war och Commandeur vun der Légion d'honneur.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

No der Publikatioun vun zwéi Romaner, L'Été des fruits secs (1885) an Le Sauvetage du grand-duc (1889), geet hie ganz am Schreiwe vun Theaterstécker op:

  • L'Envers d'une sainte (1892),
  • Les Fossiles (1892),
  • L'Invitée (1893),
  • L'Amour brode (1893),
  • La Figurante (1896),
  • Le Repas du lion (1897),
  • La Nouvelle Idole (1899),
  • La Fille sauvage (1902),
  • Le Coup d'aile (1906),
  • La Danse devant le miroir (1914),
  • L'Âme en folie (1919),
  • La Comédie du génie (1922),
  • L'Ivresse du sage (1922),
  • La Viveuse et le moribond (1926),
  • Orange mystique (1927).

Seng Stécker gëllen als "pièces à thèse", déi an enger naturalistescher Manéier moralesch a philosophesch Problemer behandelen, a waren zu senger Zäit beim Publikum beléift an erfollegräich.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hansen, J., 1935. Les idées sociales de François de Curel. Luxembourg, Éditions des "Cahiers luxembourgeois", Paul Schroell, 32 S.
  • Philinthe alias Ries, N., 1928. François de Curel †. Luxemburger Tageblatt 1928, Nr. 141 (7. Mai), S. 1. [1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger
Paul Hervieu
Fotell 12 vun der Académie française
1919-1928
Nofolger
Charles Le Goffic