Françoise Thoma
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Françoise Thoma | |
|---|---|
| Gebuer |
25. August 1969 Lëtzebuerg |
| Alter | 56 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Universitéit Panthéon-Assas |
| Aktivitéit | Juristin, Politikerin |
| Fonctioun | Conseillère am Staatsrot |
|
| |
D'Françoise Thoma, gebuer de 25. August 1969 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Juristin. Si ass Docteur en droit a Maître en science politique.
Si war vum 27. Oktober 2000 bis de 27. Oktober 2015 Member vum Staatsrot.[1] Vum 15. Januar 2015 bis zum Enn vun hirem Mandat war si ee vun den zwéi Vizepresidenten.[2] Si gouf am Staatsrot duerch de Marc Colas ersat[1].
D'Françoise Thoma ass 1999 bei Spuerkeess schaffe gaangen a gouf am Joer 2009 Member vum Direktiounskommitee; den 1. Juni 2016 gouf si Generaldirektesch vun der Bank. Den 10. November 2025 huet d'Spuerkeess matgedeelt, datt et bannent der Bank zu enger strategescher Ännerung kéim an datt d'Françoise Thoma hir Plaz als Generaldirektesch géif opginn[3]. Net confirméiert gouf, ob de Récktrëtt mat de Schwächten am Finanzmonitoring vun der Spuerkeess zesummenhänkt, deen d'CSSF an der Folleg vun der Caritas-Affär festgestallt hat[4].
D'Françoise Thoma ass zanter 2010 Verwaltungsrotsmember vun der Sofisa Finance SA Sicaf-FIS[5], enger Investitiounsgesellschaft vum Grupp Cactus ënnert der Leedung vun der Famill Leesch.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2006)[6]
Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2011)[7]
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 Conseil d'Etat du Grand-duché de Luxembourg: Membres depuis 1857, op conseil-etat.public.lu, 25.12.2013.
- ↑ "Nouvelle présidence du Conseil d'État" op conseil-etat.public.lu, 15-01-2015.
- ↑ (fr) Transformation stratégique et changement au niveau du Comité de direction. www.spuerkeess.lu (10.11.2025). Gekuckt den 10.11.2025.
- ↑ (lb) No der Caritas-Affär: Françoise Thoma demissionéiert als Spuerkeess-Direktesch. 100komma7.lu (10.11.2025). Gekuckt den 10.11.2025.
- ↑ RCS: B156132
- ↑ (de) Abgeordnete, Staatsrat .... viewer.eluxemburgensia.lu Säit 24. Escher Tageblatt (22.06.2006). Gekuckt de 14.07.2026.
- ↑ (fr) Conseil d'Etat. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 61. Escher Tageblatt (25.06.2011). Gekuckt de 14.07.2026.
