Franc Rozman Stane

Vu Wikipedia

De Franc Rozman, "Stane" genannt, gebuer de 27. Mäerz 1911 zu Spodnje Pirniče a gestuerwen de 7. November 1944 zu Lokve, war e sloweenesche Kommandant vun der jugoslawescher Partisanenarméi am Zweete Weltkrich.

1936 goung hie als Spueniekämpfer géint franquistesch Truppe kämpfen, an huet bei den Internationale Brigaden eng militäresch Ausbildung gemaach.

1941 ass hien der jugoslawescher Resistenz bäigetrueden. Hien huet d'Steyrescht Bataillon (Štajerski bataljon) opgesat an domat bei verschiddene Kämpf matgemaach. 1942 gouf de Rozman Kommandant vun der Sloweenescher Partisanebrigad, an 1943 Generolleitnant vun der Sloweenescher Partisanenarméi. Hien ass un de Blesse vun enger Granant, déi beim Testen explodéiert ass, gestuerwen.

De "Kommandant Stane", wéi e genannt gouf, ass duerch e Lidd a Schoulen, déi no him genannt goufen, bekannt bliwwen.