Francesco de Vico

Vu Wikipedia
Francesco de Vico
Gebuer 19. Mee 1805
Macerata
Gestuerwen 15. November 1848
London
Aktivitéit Astronom
Member vun Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino

De Francesco de Vico (och de Vigo genannt), gebuer den 19. Mee 1805 zu Macerata a gestuerwen de 15. November 1848 zu London war en italieeneschen Astronom am Vatikan-Observatoire a Jesuitt.

Den de Vico hat en ettlech Koméiten entdeckt, dorënner déi periodesch Koméite 54P/de Vico-Swift-NEAT an den 122P/de Vico. Weider Koméiten, déi hien entdeckt hat an déi no him genannt goufe sinn: C/1845 D1 (de Vico), C/1846 B1 (de Vico), C/1846 O1 (de Vico-Hind) an C/1846 S1 (de Vico). Hien huet de Saturn observéiert a versicht d'Rotatiounszäit vun der Venus ze bestëmmen.

An Italien hat hie mam Projet ugefaangen, fir e Stärenatlas bis zur 11. Gréissteklass opzestellen. Wéinst politeschen Onrouen hat hie missen am Joer 1848 an den Exil goen. Iwwer Paräis a London koum hien an d'USA. Hien hat wëlles säi Projet weiderzeféieren a koum an Europa zeréck fir Kolleegen ze rekrutéieren. Duerch seng Rees geschwächt ass hien zu London gestuerwen.

De Moundkrater De Vico an den Asteroid (20103) de Vico goufen zu sengen Éieren no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]