Frank McCourt

Vu Wikipedia
Frank McCourt
Gebuertsnumm Francis McCourt
Gebuer 19. August 1930
Brooklyn
Gestuerwen 19. Juli 2009
Manhattan
Doudesursaach Melanom
Nationalitéit USA
Educatioun New York University
Aktivitéit Enseignant, Schrëftsteller, Autobiograph, Dréibuchauteur, Romancier

De Francis „Frank“ McCourt, gebuer den 19. August 1930 zu New York City an och do gestuerwen den 19. Juli 2009, war en US-amerikanesche Schrëftsteller vun ireschen Originnen.

De Frank McCourt koum zu Brooklyn, New York, op d'Welt. Wéi e 4 Joer al war, ass e mat senger Famill an Irland emigréiert, wou seng Elteren hier waren. En ass do ënner aarme Konditiounen zu Limerick opgewuess; säi Papp hat dacks keng Aarbecht an huet gedronk, an ass, wéi de Frank 10 Joer al war, an England schaffe gaangen, soudatt de Frank a seng Mamm Angela hu misse fir sech an déi aner Gesëschter suergen. Des Episod huet en 1996 a sengem autobiographesche Roman Angela's Ashes erzielt, dee säi bekanntst Wierk ass. Et gouf mat iwwer 6 Mio verkaaften Exemplairen zu engem internationale Bestseller, krut 1997 de Pulitzer-Präis a gouf 1999 vum Alan Parker ënner dem selwechten Titel verfilmt.

1949 hat de Frank McCourt genuch zesummegespuert, fir nees an Amerika hannescht ze goen. E goung do bei d'Arméi, an huet zu New York studéiert. Hie gouf Engleschprof an huet och kreatiivt Schreiwen ënnerriicht.

Och seng 2 aner Romaner; 'Tis (1999) an Teacher Man. A Memoir hu vu sengen Erliefnesser erzielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frank McCourt – Biller, Videoen oder Audiodateien