Franz Ludwig Schenk von Stauffenberg

Vu Wikipedia
Franz Ludwig Schenk von Stauffenberg
Gebuer 4. Mee 1938
Bamberg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Zürich
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei CSU Bayern
Famill
Papp Claus Schenk von Stauffenberg
Mamm Nina Schenk von Stauffenberg
Geschwëster Berthold Maria Schenk Graf von Stauffenberg, Konstanze von Schulthess

De Grof Franz Ludwig Schenk von Stauffenberg, gebuer de 4. Mee 1938 zu Bamberg, ass en däitschen Affekot a Politiker. Hie war vun 1976-1987 Member vum Däitsche Bundestag a vun 1984-1989 Deputéierten am Europaparlament.

Hien ass de Fils vum Grof Claus Schenk von Stauffenberg an der Freiin Nina von Lerchenfeld. De 25. Mee 1965 huet hie sech zu Guttenberg mat der Elisabeth Freiin von und zu Guttenberg bestuet. Si hu 4 Kanner: Caspar, Sophie, Karl an Nina.

No dem net gegléckten Attentat vu sengem Papp op den Adolf Hitler, den 20. Juli 1944 ass hien a e Kannerheem bei Bad Sachsa gestach ginn an huet den Numm "Meister" kritt. Seng Mamm, seng zwéin eeler Bridder a seng Schwëster Valerie, déi méi jonk war, an aner Familljemembere sinn an e Konzentratiounslager gestach ginn a koumen an déi sougenannt Sippenhaft. Säi Papp ass nach de selwechten Dag zu Berlin higeriicht ginn.

Am Zesummenhang mat dem 50. Joresdag vum 20. Juli am Joer 1994 huet de Franz Ludwig Schenk von Stauffenberg gefuerdert, datt d'Kommunisten, déi ë. a. als Member vum Nationalkomitee Freies Deutschland géint den Nationalsozialismus gekämpft haten, net zesumme mat sengem Papp geéiert sollte ginn, well si, wéi den Hitler, een totalitäre Regime ugestrieft hätten. Hien ass deemools vu prominenter Säit a sengem Uleies ënnerstëtzt ginn.
Am Europaparlament, wou hien als oprecht an diskreet Perséinlechkeet geschat war, huet e sech besonnesch fir d'Rechter vun de Bierger, fir institutionell Froen an och fir d'Erhale vun de Bëscher agesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]