Friedrich Arnold Brockhaus

Vu Wikipedia
Friedrich Arnold Brockhaus
Gebuer 4. Mee 1772
Dortmund
Gestuerwen 20. August 1823
Leipzig
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Universitéit vu Leipzig
Aktivitéit Editeur, Libraire

De Friedrich Arnold Brockhaus, gebuer de 4. Mee 1772 zu Dortmund a gestuerwen den 20. August 1823 zu Leipzig, war en däitschen Editeur, deen de Verlag F. A. Brockhaus gegrënnt huet. Hien huet do ë. a. de Conversations-Lexicon erausbruecht, dee schonn zu senge Liefzäiten e puermol nei opgeluecht gouf, a spéider den Titel Brockhaus Enzyklopädie krut.

Nieft dëser Enzyklopedie huet de Brockhaus a sengem Verlag och politesch-zäitkritesch an och literaturkritesch Zäitschrëften erausbruecht, sou wéi och Monographien, där hire Schwéierpunkt bei zäitgeschichtlechen, politeschen, historeschen a biographeschen Theeme louch. Ë. a. huet hien 1818 d'Haaptwierk vun deemools nach sou gutt wéi onbekannte Philosoph Arthur Schopenhauer erausbruecht, an och, vun 1821 un, d'Memoirë vum Giacomo Casanova (L'histoire de ma vie.)

Seng zwee Jonge Friedrich an Heinrich Brockhaus hunn no sengem Doud de Verlag virugefouert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heinrich Eduard Brockhaus: Von der Begründung bis zum hundertjährigen Jubiläum 1805–1905, Faksimile der Ausgabe Leipzig 1905, mit einer Einführung von Thomas Keiderling, Mannheim 2005, ISBN 3-7653-0184-1.
  • Dees.: Friedrich Arnold Brockhaus. Sein Leben und Wirken nach Briefen und anderen Aufzeichnungen geschildert, 3 Bände, Leipzig 1872–1881.
  • Friedrich Christian August Hasse: Friedrich Arnold Brockhaus. Lebensabriß, in: Friedrich Arnold Brockhaus. Gedenkblätter zum hundertjährigen Todestag am 20. August 1923, Leipzig 1923.
  • Anja zum Hingst: Die Geschichte des Großen Brockhaus: vom Conversationslexikon zur Enzyklopädie, Wiesbaden 1995, S.78-91, ISBN 3-447-03740-7
  • Arthur Hübscher: Hundertfünfzig Jahre F. A. Brockhaus 1805–1955, Wiesbaden 1955.
  • Gertrud Milkereit: Friedrich Arnold Brockhaus (1772–1823), in: Rheinisch-Westfälische Wirtschaftsbiographien, Band 11, Münster 1983, S. 5-41, ISBN 3-402-05586-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friedrich Arnold Brockhaus – Biller, Videoen oder Audiodateien