Fugue

Vu Wikipedia

Eng Fugue ass an der Musek eng kontrapunktesch, polyphon Kompositioun, an där am Normalfall een Theema (bei enger Duebelfugue zwee Theemen), dat am Ufank eestëmmeg presentéiert gëtt, ëmmer erëm an deene jeeweilege Stëmmen erëmzefannen ass.

D'Theema mécht souzesoen eng Flucht (frz.: fugue resp. lat.: fuga). An enger Fugue kënnen och Tëschespiller virkommen déi net wierklech eppes mam Theema ze dinn hunn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Fugue hat hiren Héichpunkt an der Barockzäit; si huet sech aus dem Ricercare aus der Renaissance entwéckelt. An der Romantik goufen och Fuguë geschriwwen, déi awer haut als manner bedeitend ugesi ginn.

Fuguë ginn dacks vun engem Prelude, enger Toccata oder enger Fantasia ageleet. Fuguë gi meeschtens fir Tasteninstrumenter geschriwwen.

Bedeitend Fuguen, resp. Fuguenzykle vum Johann Sebastian Bach sinn:

  • Das musikalische Opfer BWV1079
  • Die Kunst der Fuge BWV1080
  • Fuga in g BWV578

Beispill fir ze lauschteren[änneren | Quelltext änneren]