GERO – Kompetenzzenter fir den Alter

Vu Wikipedia
GERO – Kompetenzzenter fir den Alter
Zweck Kompetenzzenter fir Gerontologie
Grënnungsdatum 29. Dezember 1988
Sëtz 20, rue de Contern
L-5955 Izeg
Presidentin Danielle Knaff
Websäit https://www.gero.lu

GERO – Kompetenzzenter fir den Alter ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi den 29. Dezember 1988 op Initiativ vum Familljeministère ënnert dem Numm Service de formation socio-familiale gegrënnt gouf[1],. Am Joer 2010 gouf den Numm als RBS - Center fir Alterfroen ëmbenannt, woubäi RBS fir Reinsertioun Bildung, Schoulung a méi spéit fir Renseignement / Recherche, Bildung, Schoulung stoung. Am Joer 2021 krut dASBL dunn den aktuelle Numm GERO - Kompetenzzenter fir den Alter[2].

Den Numm „GERO“ gëtt vu Gerontologie ofgeleet, der Wëssenschaft vum Alginn.

D'ASBL ass mam Familljeministère konventionéiert.[3] D'ASBL huet doriwwer eraus och en Agrement mam Educatiounsministère[4] a mam Fuerschungsministère[5]. 2010 krut d'ASBL de Statut vun der Utilité publique.

Am Leetbild vu GERO ass d'Zilpopulatioun beschriwwen als “Eeler Mënschen an all déi, déi sech mat Gerontologie befaassen".[6]

GERO organiséiert Coursen am Beräich Life-long-learning fir Leit déi kuerz virun der Pensioun stinn oder scho pensionéiert sinn, an och Weiderbildunge fir Professioneller aus der ambulanter a stationärer Altersfleeg[7].

GERO, fir deen eng 15 Leit haaptberufflech schaffen, huet säi Sëtz zu Izeg a gëtt d'Zäitschrëft geroAKTIV[8] eraus.

D'Aktivitéite vu GERO sinn an dräi Haaptberäicher agedeelt:

geroAKTIV[änneren | Quelltext änneren]

geroAKTIV bitt eelere Mënschen d'Méiglechkeet, sech aktiv an d'Gesellschaft anzebannen, sech weiderzebilden, sech benevole ze engagéieren a sech mat aneren auszetauschen, fir an de soziale Verännerungen nei Horizonter a Chancen ze entdecken.

De geroAKTIV Magazine, deen d'Abonnente vun der Kaart60+ véier Mol d'Joer zougeschéckt kréien, informéiert iwwer aktuell Theemen an interessant Konferenzen an Aktivitéiten. Donieft informéiert d'Newsletter geroAKTIV all Mount iwwer Neiegkeeten a rezent Entwécklungen.

geroPRO[änneren | Quelltext änneren]

D'Fortbildungsinstitut geroPRO bitt eng breet Gamme u Coursë fir d'Personal aus de verschiddene Beräicher vum Alten- a Fleegesecteur, sief et ambulant, stationär oder deelstationär.

Dës Coursen decken Theeme wéi Betreiung an Therapie, Management, perséinlech Kompetenzen, Hauswirtschaft, Sécherheet op der Aarbecht a.v.m. of. geroPRO huet en Agrement vum Educatiounsministère als Organisator am Beräich vun der „Formation professionelle continue”. Déi komplett Offer u Coursë gëtt zweemol d'Joer an engem Katalog verëffentlecht an all Mount an der Newsletter geroPRO aktualiséiert.

geroRESEARCH[änneren | Quelltext änneren]

„Fuerschung, Entwécklung an Innovatioun fir déi zweet Hallschent vum Liewen“

Ënnert dësem Motto fërdert geroRESEARCH zukunftsorientéiert Entwécklungen, déi e selwer-bestëmmtent Alteren erméiglechen an dem rasante Wandel vun der Gesellschaft an de Beräicher Diversitéit, Individualitéit, Digitalisatioun a Gesondheet entgéintkommen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Statute vu GERO Archivéiert op 2022-05-24. Gekuckt de(n) 25.4.2023.
  2. Pressemitteilung von GERO. www.rtl.lu (13.09.2021). Gekuckt de(n) 13.09.2021.
  3. Agrement MIFA vum 1. Februar 2012 Archivéiert op 2022-05-24. Gekuckt de(n) 25.4.2023.
  4. Agrement MENEJ vum 14. Abrëll 2022 Archivéiert op 2022-06-15. Gekuckt de(n) 25.4.2023.
  5. Agrement MESR vum 10. Mee 2022 Archivéiert op 2022-07-07. Gekuckt de(n) 25.4.2023.
  6. Leetbild vu GERO Archivéiert op 2023-04-25. Gekuckt de(n) 25.4.2023.
  7. Websäit vum Center fir Altersfroen Archivéiert op 2021-07-27. Gekuckt de(n) 2023-04-25.
  8. virdrun: „Aktiv am Liewen“