Galaktesche Quadrant

Vu Wikipedia
Längtegrad vum galaktesche Koordinatesystem.

E galaktesche Quadrant oder Quadrant vun enger Galaxis bezeechent ee vun de véier Kreessekteren als Andeelung vun der Mëllechstrooss.

Quadranten am galaktesche Koordinatesystem[änneren | Quelltext änneren]

An der astronomescher Praxis ginn d'galaktesch Quadranten am galaktesche Koordinatesystem mat hëllef vun der Sonn als Pol festgeluecht (aus praktesche Grënn amplaz vum galakteschen Zentrum), well all astronomesch Observatiounen, vu Mënsche bis haut vun der Äerd oder vum Sonnesystem ausginn.

Ofgrenzung[änneren | Quelltext änneren]

Quadrante gi mat Ordinalzuele bezeechent, zum Beispill "1. galaktesche Quadrant", "zweete galaktesche Quadrant" oder "drëtte Quadrant vun der Galaxis". Aus dem Norde betruecht, ergi sech déi galaktesch Pole vun 0 Grad (°) aus als Stral, dee vun der Sonn aus duerch de galakteschen Zentrum leeft. Dono ginn d'Quadranten nees wéi follegt festgeluecht:

  • 1. galaktesche Quadrant – 0° ≤ ≤ 90°
  • 2. galaktesche Quadrant – 90° ≤ ℓ ≤ 180°
  • 3. galaktesche Quadrant – 180° ≤ ℓ ≤ 270°
  • 4. galaktesche Quadrant – 270° ≤ ℓ ≤ 360° (0°)

Visualitéit vun de Quadranten[änneren | Quelltext änneren]

Ausriichtung vun der Galaxis, der Ekliptik an dem equatoriale Koordinatesystem, all Kéier op d'Himmelskugel projezéiert.

Wéinst der Ausriichtung vun der Äerd a Bezuch op de Rescht vun der Galaxis ass den zweete galaktesche Quadrant an éischter Linn vun der Nordhallefkugel ze gesinn, wärend de véierte meeschtens nëmme vun der südlecher Hemisphär siichtbar ass. Dofir ass d'Andeelung no Quadranten an der Reegel éischter praktesch fir Amateur-Astronomen, allerdéngs sinn doduerch international astronomesch Organisatiounen net un den Äerd-Horizont gebonnen.

Vun der Äerd aus kann een duerch follgend Haaptkonstellatiounen (als graff Orientéierung) d'Grenze vun de Quadranten erkennen:

  • No 0° kuckt een, wann een a Richtung vum Stärebild Sagittarius kuckt.
  • No 90° kuckt een, wann een a Richtung vum Stärebild Cygnus kuckt.
  • No 180° kuckt een, wann een a Richtung vum Stärebild Auriga kuckt.
  • No 270° kuckt een, wann een a Richtung vum Stärebild Vela kuckt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]