Vela (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Vela
Däitschen Numm Segel des Schiffs
Laténgeschen Numm Vela
Laténgesche Geenitiv Velorm
Laténgesch Ofkierzung Vel
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 8h 03m bis 11h 06m
Deklinatioun -37° 10' bis -57° 10'
Fläch 500 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 33° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
5
Hellste Stär,
Gréisst
γ Velorum (Suhail)
1,75m
Meteorstréim Puppiden-Veliden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Antlia
Pyxis
Puppis
Caina
Centaurus
Kaart vum Stärebild Vela

D'Seegel vum Schëff (eigentlech D'Seegelen, well de laténgeschen Numm Vela fir d'Méizuel vu Velum steet) ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Vela ass e grousst Stärebild nërdlech vun der Carina (Kiel vum Schëff). Véier vu senge Stäre sinn opfälleg hell.

Duerch d'Stärebild zitt sech dat stäreräicht Band vun der Mëllechstrooss, dofir fënnt een am Vela vill oppe Stärekéip, ee Kugelstärekoup an ee Planetareschen Niwwel.

D'Stären δ Vel a κ Vel zesumme mam ι Car an ε Car ginn heiansdo mat dem Kräiz vum Süde verwiesselt. Déi Stäregrupp gëtt dofir och als Falscht Kräiz vum Süde bezeechent.

An Europa ass vum Stärebild, just vum südleche Mëtteleuropa an vu Südeuropa aus, den nërdlechen Deel ze gesinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Vela ass en Deel vum antike Stärebild „Argo Navis“, dat zu den 48 Stärebiller gehéiert, déi schonn vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

De franséischen Astronom Lacaille huet dat grousst d'Stärebild am Joer 1763 ënnerdeelt, Puppis a Vela. Déi ursprénglech Stärebezeechnunge goufe bäigehalen, soudatt jiddwer griichesche Buschtaf an den dräi Stärebiller nëmmen eng Kéier virkënnt. Dofir gëtt ee Stär α Carinae, awer kee Stär α Velorum oder α Puppis.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen m Lj Spektralklass
γ Suhail, Suhail al Muhlif, Regor 1,75 840 WC 8 + O9 I
δ 1,93 80 A1 V
λ Suhail, Alsuhail, Suhail al Wazn 2,14 bis 2,30 573 K4 Ib-II
κ 2,47 540 B2 IV
μ My Velorum 2,69 116 G5 III SB + G2 V
N 3,16 238 K5 III
φ Tseen Kee 3,52 1930 B5 Ib
ο 3,60 495 B3IV
ψ 3,60 61 F2 IV
c 3,75 309 K2 III
b 3,77 3 100 F3 Ia
p 3,84 87 A3m + 3
q 3,85 103 A2 V
a 3,87 1 550 A1III
d 4,05 229 G5 III
e 4,11 1 440 A6 II
γ1 4,27 840 B1 IV
x 4,29 900 G2 II
M 4,34 107 A5 V
i 4,37 204 A3 IV
w 4,45 200 Fp
J 4,50 1400 B3 III
m 4,58 1100 G5 Ib
GZ 4,59 1500 K3 II
k 4,63 166 F3 / F5V
H 4,68 376 B5 V
n 4,74 1900 A5 II
B 4,79 1510 B1 V
r 4,82 201 K1 IIIvar
HY 4,83 480 B3 IV
Q 4,85 1100 B3 IV
HR 4134 4,89 71 F6 V
I 4,92 225 K1 III
g 4,94 828 A2 III
GX 4,99 B5 Ia
C 5,01 880 K1 / K2 II
L 5,01 930 B1.5 IV
t 5,02 970 K4 III
HR 3359 5,03 7000 B2 IV
HR 3187 5,04 1240 K3 III
HR 3976 5,06 258 K0 IV
GU 5,08 204 A9 / F0 III/IV
u 5,09 860 B7 III
f 5,09 2700 B0III
I 5,09 423 B6 V
HR 3692 5,12 4000 K3 Ib
HR 3817 5,12 960 B4 IV
HR 3244 5,14 970 B2.5 IV
HR 4221 5,14 550 B8 / B9 III
D 5,15 1500 B0 IIIn
FZ 5,17 221 Am
HR 3330 5,18 670 B2 V
HR 3442 5,18 429 B4 IV
HR 3439 5,20 280 Ap (SiCr)
HR 3204 5,20 1140 B2 IV-V
HR 3456 5,20 2700 B5 Iab
IS 5,23 920 B1 Ive
HR 3605 5,23 437 Ap Si
z 5,24 560 B4 V
k 5,26 430 B7 / B8 III
HR 3679 5,26 640 G8 II/III
HR 4017 5,27 163 A7 V
HR 3551 5,31 261 Am
HR 3694 5,31 355 K2 III
HR 3358 5,33 1600 B2 IV
HR 3807 5,35 390 G8 III
HR 3494 5,43 3300 B3 Ia
HR 3840 5,44 234 A2 / A3 V
HR 3784 5,45 416 B8 V
HW 5,45 450 B5V
HR 3514 5,47 1600 A2 / A3 IV
HX 5,48 1700 B1.5 IV
KT 5,49 480 B8 Si

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

Objet m Ofstand
γ 1,5 / 4,2 / 8,5 / 9,4 /13 41,2" / 62,3“ / 93,5“ / 1,8“
δ 2,02 / 5,00 / 11,00 / 13,5 2,6" / 69“ / 6“
κ 2,47 -
μ 2,69 / 6,6 0,7"
ψ 4,12 / 4,65 0,68"

De γ Velorum ass ee vun den hellste Stären um Nuetshimmel. Et handelt sech em ee komplext Méifachstäresystem op enger Distanz vun 840 Liichtjoer, dat aus mindestens sechs Stäre besteet. Den hellsten γ² Velorum (oder γ Velorum A) ass e spektroskopeschen Duebelstär, d. h., déi béid Komponenten ëmkreese sech an engem dichtem Ofstand, deen optesch net mat engem Teleskop ze trennen ass. Wéinst dem Dopplereffekt verréckelt sech de Spektrum a charakteristescher Weis. D'System besteet aus engem Bloe Superris mat der Spektralklass O9. mat der 30facher Mass vun eiser Sonn, an dem schwéierste bekannte Wolf-Rayet-Stär mat zéng Sonnemassen. D'Stären hunn en Ofstand vun enger Astronomescher Eenheet (AU) an emkreese sech an 78,5 Deeg.
An engem Ofstand vun 41,2 Bousekonne steet de γ¹ Velorum (oder γ Velorum B), een Ënnerris mat der Spektralklass B an enger visueller Hellegkeet vu 4,2m.
Am Ofstand vun 62,3 Bousekonne steet den 8,5m helle γ Velorum C.
93,5 Bousekonne vum System A ewech sinn d'Komponenten γ Velorum D an E mat Hellegkeete vun 9,4 an 13. Hiren Ofstand vuneneen ass 1,8 Bousekonne.
Den Numm „Suhail“ ass arabesch a bedeit „glorräiche Stär“. Den Numm Regor ass méi rezent. Hie soll un den Astronaut Roger Chaffee erënneren (Roger vun hannen no vir gelies), dee bei engem Brand an enger Apollo-Kommandokapsel ëm d'Liewe koum.

Den δ Velorum ass e Véierfachstäresystem op enger Distanz vun 80 Liichtjoer. Hie besteet aus der Koppel δ Velorum A a B souwéi der Koppel δ Velorum C an D. Duerch d'Prezessiounsbeweegung vun der Äerd gëtt den δ Velorum a 7.000 Joer de südleche Polarstär.

De κ Velorum ass ee spektroskopeschen Duebelstär op enger Distanz vu 540 Liichtjoer. Déi zwou Komponenten ëmkreese sech an 116,65 Deeg. Den arabeschen Numm Markab bedeit „Gefier“. De selwechten Numm hunn d'Stären α Pegasi a κ Puppis.

De µ Velorum ass en Duebelstäreystem. Hie besteet aus engem Giele Ris an engem sonnenänleche Gielen Zwergstär.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet m Period Typ
λ 2,14 bis 2,30 Onreegelméisseg Verännerlechen

Den λ Velorum ass e verännerleche Stär op enger Distanz vu 570 Liichtjoer. Hie verännert seng Hellegkeet ouni eng fest Periodizitéit. De Stär liicht orange an ass e Risestär mat dem 200fachen Duerchmiesser an der 10.000facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. D'Temperatur op senger Uewerfläch huet ronn 4.000 Kelvin. Aner Nimm vun dësem Stär sinn: Suhail, Alsuhail oder Suhail al Wazn.

Neutronestären[änneren | Quelltext änneren]

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC divers m Typ Numm
2547 4,7 Oppene Stärekoup
2669 6,1 Oppene Stärekoup
2670 7,8 Oppene Stärekoup
2910 7,2 Oppene Stärekoup
2925 8,3 Oppene Stärekoup
3201 6,8 Kugelstärekoup
3228 6,0 Oppene Stärekoup
3330 7,4 Oppene Stärekoup
IC 2391 3,6 Oppene Stärekoup Omicron-Velorum-Stärekoup
IC 2395 4,6 Oppene Stärekoup

Den NGC 2547 ass en Oppene Stärekoup op enger Distanz vun 900 Liichtjoer. Um Teleskop sinn ongeféier 40 Stären ze gesinn.

Den NGC 3201 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vu 16.000 Liichtjoer.

Den IC 2391 ass een oppfälleg hellen Oppene Stärekoup, dee scho mat bloussem A ze gesinn ass. Hien ass ongeféier 500 Liichtjoer vun eis ewech a steet an der Géigend vum Stär ο Velorum.

Den IC 2395 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vun 3.000 Liichtjoer.

Am Stärebild Vela sinn sech och d'Iwwerreschter vun enger Supernovaexplosioun. Déi Explosioun war virun 10.000 Joer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stärebild Vela – Biller, Videoen oder Audiodateien