Gare Lorraine TGV
Ausgesinn
D'Gare Lorraine TGV ass eng franséisch Gare op der Héichvitessstreck LGV Est européenne um Territoire vun der Gemeng Louvigny südlech vu Metz an am Norde vun Nanzeg, ronn siwe Kilometer vum Fluchhafe Metz-Nancy-Lorraine ewech. D'Gare ass 2007 opgaangen an et ass nieft der Gare Meuse TGV an der Gare Champagne-Ardenne TGV eng vun den dräi Garen op där Streck.
Gleiser
[änneren | Quelltext änneren]Duerch d'Gare féieren déi zwee Héichvitessgleiser. Vu jiddwerengem vun de Gleiser spléckt virun der Gare e Gleis of, dat op e Quai féiert, fir dann nees baussent der Gare op den Haaptstrang zeréckzekommen.