LGV Est européenne

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'LGV Est européenne um PK 217

D'Ligne à Grande Vitesse Est européenne (kuerz LGV Est européenne) ass eng Héichvitessestreck a Frankräich. Si verbënnt Vaires an der Seine-et-Marne mat Vendenheim am Bas-Rhin.

Garen[änneren | Quelltext änneren]

Sécherheet[änneren | Quelltext änneren]

Zuchsécherungssystemer an Zuchfunk[änneren | Quelltext änneren]

Op der LGV Est européenne ginn als Zuchsécherungssystemer TVM 430 an ETCS Niveau 2 agesat. Fir de Funkverkéier an d'Dateniwwerdroung gëtt GSM-R benotzt, deen och fir den ETCS benotzt gëtt.

Stellwierkstechnik[änneren | Quelltext änneren]

D'LGV Est ass mat Stellwierker vum Typ SEI vun Ansaldo equipéiert, déi iwwer eng Schnëttstell vum PCD (poste de commande à distance) vu Pagny-sur-Moselle aus gesteiert ginn.

Rullmaterial[änneren | Quelltext änneren]

Folgend Héichgeschwindegkeetszich fueren op der Streck:

Benotzung[änneren | Quelltext änneren]

Zich vu Lëtzebuerg, Däitschland an aus der Schwäiz fueren op där Streck. Si kommen ë. a. aus der Stad Lëtzebuerg, Frankfurt am Main Hbf, München Hbf, Zürich Hbf, Basel SBB, Stuttgart Hbf, Metz Ville, Strasbourg Ville. Vu Lëtzebuerg aus fueren d'TGV Réseauen.

Ëm den Héichvitesseverkéier tëscht Frankräich, Lëtzebuerg, Däitschland an der Schwäiz bekëmmere sech d'Gesellschaften Alleo a Lyria.