Gare Tréier
Ausgesinn
|
D'Gare zu Tréier vu vir gesinn (2024 ) | |
| Status | am Gebrauch |
|---|---|
| opgaang | 1878 |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Däitschland |
| Gemeng | Tréier |
| Koordinaten | 49°45'24,8"N, 6°39'6,8"O |
| Reseau | |
| Bedreiwer | DB InfraGO |
| Reseau | TER Grand Est |
| Gleiser mat Quai | 5 |
| Nopeschstatioun(en) | Pfalzel |
| Websäit | https://www.bahnhof.de/bahnhof-de/Trier_Hbf |
|
| |

D'Gare Tréier ((de) Trier Hauptbahnhof) ass eng Gare um Territoire vun der Stad Tréier.
Si ass 1878 opgaangen a louch un der deemools sougenannter Kanonenbahn, déi vu Berlin iwwer Tréier a Perl op Metz goung.
Si läit op den DB-Verbindungen Köln-Tréier, Koblenz-Tréier, Saarbrécken-Tréier, Perl-Tréier a Lëtzebuerg-Tréier via d'Streck Tréier-Diddenuewen an d'Tréierer Weststreck.
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]2005 gouf d'Gare vu Grond op moderniséiert fir dem Standard vun ICE Garen z'entspriechen.[1]
- D'Quaie goufe mat Placken ekipéiert, déi blanne Leit hëllefe sech z'orientéieren a verhënnere sollen, datt se op d'Schinne falen.
- Am Gebai selwer gouf e Restaurationsbetrib installéiert an den Zeitungsbuttek gouf vergréissert.
- Et goufen nei Liften installéiert, déi direkt um Quai erauskommen.
- An de leschte Joren ass och un enger Opwäertung vum Quartier ëm d'Gare geschafft ginn.
-
D'Entréeshal vun der Gare (Vir: Den Info Point)
-
En Zuch um Quai 12/13.
-
D'Guicheten.
Zich, déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren]| Aus Richtung | Halt virdrun | Tréier | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Lëtzebuerg | Waasserbëlleg | Regionalexpress | Wittlich | Koblenz | ||
| Koblenz | Wittlich | Mosel-Saar-Express | Saarlouis | Saarbrécken | ||
| Terminus | Terminus | Mosel-Pfalz-Express | Saarlouis | Mannheim | ||
| Terminus | Terminus | Saartal-Express | Merzig | Saarbrécken | ||
| Köln | Bitburg | Eifel-Mosel-Express | Terminus | Terminus | ||
| Terminus | Terminus | Saartal-Bahn | Konz | Homburg | ||
| Terminus | Terminus | Moseltal-Bahn | Cochem | Koblenz | ||
| Wittlich | Wittlich | Elbling-Express | Konz | Perl | ||
| Gerolstein | Bitburg | Eifel-Bahn | Terminus | Terminus | ||
