Gedenkplaz Breechkaul

Vu Wikipedia
Gedenkplaz Breechkaul
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bäerdref
Plaz Breechkaul
Koordinaten 49°48'58,0"N, 6°21'34,3"O

D'Gedenkplaz Breechkaul ass eng Gedenkplaz u 6 Jonge vu Bäerdref, déi am Zweete Weltkrich ëmkomm sinn. Op d'Gedenkplaz kënnt een iwwer de Circuit auto-pédestre vu Bäerdref hannert der Breechkaul. Um Wee steet en Hiwäisschëld Zur Mutter-Gottes.

De Fred Schuller, den Emile Gilbertz, den Auguste Collignon an de Jeng Petit hunn de Krich iwwerlieft. Si hunn als Merci an als Erënnerung un hir 6 zwangsrekrutéiert Bäerdrefer Komeroden, déi de Krich net iwwerlieft hunn, dës Gedenkplaz 1948 ageriicht. Zanter 1986 gëtt d'"Grott" vum SIT Bäerdref an de Famillje gefleegt.

Am Lëtzebuerger Sandsteen ass eng Nisch mat enger Muttergottes-Statu. Rondrëm d'Nisch steet dësen Text:

1948
BLEIW EN AMENT
HEI STOEN AN DENK
A LÊWT AN A STÖLLEM
GEBIED UN ONS
KOMERODEN DE NET
MÊ HÊM SI KOM
LIGUE ONS JONGEN
DE METTI MILLEN - ÖMKOM AM KZ
DE NIKI DEMUTH - AM KRICH GEFALL
DE METTI GILBERTZ - ÖMKOM AM KZ
DE LEO BICHLER - GET NACH ERWART
DE CARL COLLÉ - ÖMKOM AM KZ
DE WILLY CONRAD - BEI TILSIT ERSCHOSS
WA MIR O GOTT
DENG WEER NET VERSTIN GEF
ONS DENG HAND A FEIER ONS HEM


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]