Gemeng Rollengergronn

Vu Wikipedia

D'Gemeng Rollengergronn ass eng fréier Gemeng déi haut als Sektioun zur Stad Lëtzebuerg gehéiert. Den Territoire bilt och de gréissten Deel vum Quartier Rollengergronn.

Vue op de Rollengergronn mat der Kierch (2008)

Den 1. Juli 1849 (Gesetz vum 8. Mee 1849) ass d'Gemeng Eech gedeelt ginn an déi separat Gemeng Rollengergronn ass entstanen.[1] Si ass ervirgaangen aus de Sektioune Rollengergronn, Roudebierg, Lampertsbierg, Siweburen (mat der Parzeläinsfabréck), engem Deel vun der Sektioun Millebaach an deem Deel vun der Sektioun Reckendall deen zur Gemeng Eech gehéiert huet. D'Gemeng hat eng Fläch vu 773,5607 ha.

D'Gemeng Rollengergronn huet den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920), zesumme mat de Gemengen Hollerech an Hamm mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.[2]

Buergermeeschteren

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Gesetz iwwer d'Kreatioun vun der Gemeng Rollingergronn: Loi du 8 mai 1849, qui érige une nouvelle commune sous le nom de Rollingergrund
  2. Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemengen Rollengergronn, Hollerech an Hamm mat der Stad Lëtzebuerg: Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg