Gentingen
Gentingen | |
---|---|
D'Johanneskierch bei der Our | |
Land | Däitschland |
Bundesland | Rheinland-Pfalz |
Krees | Béibreg-Prüm |
Verbandsgemeng | Südeifel |
Awunner | 98 (31. Dezember 2023) |
Fläch | 420 ha |
Héicht | 194 m |
Koordinaten | 49°54'5"N, 6°14'9"O |
Telefonszon | 06566 |
Postcode | 54675 |
Websäit | http://www.suedeifelinfo.de |
Gentingen ass eng Uertsgemeng am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz (Däitschland). Gentingen ass en Deel vun der Verbandsgemeng Südeifel.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft läit direkt op der Grenz mat Lëtzebuerg um Grenzfloss Our.
Rued op der Our läit 3 km nërdlech, 2 km flossof läit Ammeldingen op der Our. Op Lëtzebuerger Säit ass d'Uertschaft Bëttel 4 km nordwestlech ze fannen, Héischdref 2 km südlech.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1096 geet fir d'éischt rieds vu Gentingen ënner dem Numm Gichelinga an engem Dokument vun der Abtei Iechternach. An engem aneren Dokument heescht d'Uertschaft 1282 Gemptingen. Si huet zu der Grofschaft Veianen gehéiert, gouf 1794 franséisch a vun 1815 un preisesch. Nom Éischte Weltkrich gouf d'Uertschaft eng Zäit laang vun de Fransouse verwalt.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Gentingen huet e grousse Camping an eng Kierch mat engem Schëff a mat engem romaneschen Tuerm, d'Johanneskirche, déi aus dem 17. Joerhonnert staamt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gentingen – Biller, Videoen oder Audiodateien |