Geographie vun der Belsch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Déi physesch'Geographie vun der Belsch ka graff an dräi Regiounen opgedeelt ginn: Héich Belsch, Mëttels Belsch an Niddreg Belsch.

  • Déi Héich Belsch erstreckt sech haaptsächlech iwwwer d'Ardennen an d'Héicht Venn mat Héichte bis bal siwenhonnert Meter. E groussen Deel dovun ass mat Bëscher bedeckt, déi meescht a géien Häng laanscht déif Däller ze fanne sinn, oder wéi am Héije Venn, mat Mueren e vereenzelte Gruppe vu Beem déi der Landschaft e steppenaaartegt Ausgesi ginn. Si stéisst am Süden un d'belscht Loutrengen, an am Norden un d'Plateaue vun Herve a vum Condroz.
  • Déi Mëttels Belsch setzt sech zesummen aus enger Sträif déi aus dem Karbonzäitalter staamt an an där bis zum Enn vum 20. Joerhonnert Kuelegrouwen exploitéiert goufen, an aus verschiddenne Plateauen, wéi d'Hesbaye mat kräidege Mergelbiedem, de Brabant mat éischter méi sandege Biedem an den Hainaut mat haaptsächlech leemege Biedem.
  • Déi Niddreg Belsch besteet aus dem flaache Land vun de bannenzege Flandern mat sandegen oder leemege Koppen, der Campine mat mouerzegen Terrainen déi mat Kifere bewuess sinn, an d'maritim Flandren, d'Géigend vun de Polderen déi ganz flaach an zimmlech plakeg ass.