George Grosz

Vu Wikipedia
George Grosz
De George Grosz (1930).
Gebuertsnumm Georg Ehrenfried Groß
Gebuer 26. Juli 1893
Berlin
Gestuerwen 6. Juli 1959
West-Berlin
Nationalitéit USA, Däitschland
Aktivitéit Moler, Zeechner, Fotograf, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Illustrateur, Graphiker, Graveur, Bauzeechner
Member vun American Academy of Arts and Letters

Den George Grosz, gebuer de 26. Juli 1893 als Georg Ehrenfried Groß zu Berlin, an och do de 6. Juli 1959 gestuerwen, war en däitsch-amerikanesche Moler, Graphiker a Karikaturist.

Den George Grosz ass bekannt fir seng sozial- a gesellschaftskritesch Molereien an Zeechnungen, wouvun déi meescht an den 1920er Joren entstane sinn. Si sinn dacks bewosst drastesch a provokativ, an hunn och dacks e politesche Message. Typesch Sujete sinn d'Groussstad mat all hiren däischtere Säiten (Muerd, Perversioun, Gewalt) an hire soziale Géigesätz (extremer Aarmut vs. héije Räichtum). Hien ass nach e Krack méi aggressiv a politesch wéi den Otto Dix, deen zu der selwechter Zäit änlech Wierker geschaf huet.

A senge Wierker, dacks Karikaturen, mécht hien de Geck mat deenen un der Spëtzt vun der Weimarer Republik, a gräift sozial Géigesätz op a kritiséiert besonnesch d'Ekonomie, d'Politik, d'Militär an de Klerus.

Seng Wierker ginn der sougenannter Neuer Sachlichkeit zougerechent. Säi Kënschtlernumm hat en 1916, nodeems e vun der Front vum Éischte Weltkrich erëmkomm war, ugeholl, well en, genee wéi säi Frënd, de Kënschtler John Heartfield, dee virdrun Helmut Herzfeld housch, aus Protest géint de Krich keen däitschen Numm méi droe wollt. Nom Éischte Krich gouf hie Member vun der KPD an der Novembergruppe, an huet, an de "Wëllen Zwanzeger" vill vu senge politeschen a gesellschaftleche Wierker realiséiert.

De Grosz huet an där Zäit och zu der Berliner Dada-Szeen gehéiert, an huet Aflëss vu Kubismus a vum Fauvismus opgeholl. Seng provokativ Biller hunn him Prozesser wéinst Beleidegung vun der Reichswehr, Ugrëff op d'ëffentlech Moral oder Gotteslästerung abruecht.

Nodeems e fir e puer Méint 1932 an den USA Course ginn hat, ass en am Januar 1933, just ier d'Nationalsozialisten un d'Muecht koumen, duer emigréiert. Seng Biller, déi en zeréckgelooss hat, goufe vun den Nazie verklappt oder als "Entartete Kunst" verbrannt. An Amerika, wou e praktesch onbekannt war, huet hie wéineg unerkannt Biller gemoolt, wéi z. B. Cain, or Hitler in Hell.

Nom Zweete Weltkrich gouf säi Wierk ëmmer méi onpolitesch an dekorativ (Nature-morten, Nuen, Landschaften).

Nodeems den George Grosz zum Member vun der Berliner Akademie der Künste ernannt gi war, ass en 1959 aus den USA an Däitschland hannescht gaangen. Just e puer Wochen drop ass en zu Berlin gestuerwen, wéi e voll eng Trap erofgefall war.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Uelegbiller, Aquareller, Collagen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1914 Pandämonium, Tusch, Feder. Privatbesëtz
  • 1915 Krawall der Irren, Tusche, Feder, Kunstbibliothek, SMPK, Berlin
  • 1915/16 Erinnerung an New York, Lithographie, Staatsgalerie Stuttgart, Graphische Sammlung, Stuttgart
  • 1916 Selbstmord, Tate Gallery, London
  • 1916 „Der Liebeskranke“, Kunstsammlung Nordrhein-Westfalen, Düsseldorf
  • 1916/17 „Großstadt“, Thyssen-Bornemisza Sammlung, Lugano
  • 1916/1917 Metropolis, Museo Thyssen-Bornemisza, Madrid. Uemeg op Toile (100x102 cm)
  • 1917 Explosion, The Museum of Modern Art, New York
  • 1917/18 „Widmung an Oskar Panizza“, Staatsgalerie, Stuttgart
  • 1917/19 „Deutschland, ein Wintermärchen“. Verluer gaangen.
  • 1918 „John der Frauenmörder“, Hamburger Kunsthalle, Hamburg
  • 1918 Der Mädchenhändler, Hessisches Landesmuseum, Darmstadt, Aquarell, Tusch
  • 1918 Parasiten
  • 1919 Schönheit, dich will ich preisen, Galerie Nierendorf, Berlin, Aquarell, Feder und Tusche
  • 1919 Ein Opfer der Gesellschaft, Collage, Estate of G G
  • 1920 Ohne Titel, Kunstsammlung Nordrhein Westfalen, Düsseldorf
  • 1920 Republikanische Automaten, Aquarell, Museum of Modern Art, New York
  • 1920 Daum marries her pedantic automation George in May 1920, John Heartfield is very glad of it, Aquarell, Collage, Galerie Nierendorf, Berlin
  • 1920 Orgie, Aquarell, Fieder an Tusch, Galerie Pels-Leusden, Berlin
  • 1921 Grauer Tag, Nationalgalerie, Berlin
  • 1922 Methusela, Aquarell, Tusch, Bronzefaarf. The Museum of Modern Art, New York
  • um 1923 In den besten Jahren, Aquarell, Kunstmuseum Hannover, Hannover
  • 1924 Sie macht nur sauber, Bläistëft
  • 1925 Portrait des Schriftstellers Max Hermann-Neisse, Städtische Kunsthalle Mannheim
  • 1926 Die Stützen der Gesellschaft, Neue Nationalgalerie, Berlin
  • 1926 Sonnenfinsternis, Heckscher Museum of Art, Huntington (New York).
  • 1926 Portrait Max Schmeling, Axel-Springer-Verlag, Berlin.
  • 1926 Drinnen und draussen, Privatsammlung.
  • 1927 La Pointe rouge de Marseille (Landschaft), Princeton, NJ, Estate of G. G.
  • 1928 „Der Agitator“, Stedelijk Museum, Amsterdam.
  • 1943 Ich bin froh, wieder da zu sein, Tempe, Arizona State University, Öl auf Preßspan.
  • 1944 Cain, or Hitler in Hell, Privatsammlung.
  • 1946 Die Grube, Wichita Art Museum, Wichita, Kansas.
  • 1947-'48 Mit schwenkender Fahne, Aquarell.
  • ëm 1952 Der Feind des Regenbogens, Aquarell.
  • 1958 Grosz als Clown und Varietégirl, Collage.
  • 1959 To Philipp, Landschaft, Aquarell.

Publikationuen[änneren | Quelltext änneren]

Mappen a Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Erste George Grosz-Mappe, 9 Lithographien, Barger, Berlin, 1917.
  • Kleine George Grosz-Mappe, Malik-Verlag, Berlin, 1917. 20 Lithographien,
  • „Gott mit uns“, Politische Mappe, 9 Lithographien, Malik, Berlin, 1920.
  • Im Schatten, 9 Lithographien, Malik, Berlin, 1921.
  • Das Gesicht der herrschenden Klasse, 55 politische Zeichnungen von George Grosz, Malik, Berlin, 1921 (= Kleine revolutionäre Bibliothek, Nr. 4. Julian Gumperz, Hrsg.)
  • Mit Pinsel und Schere, 7 Materialisationen, Malik, Berlin, 1922
  • Die Räuber, Neun Lithographien zu Sentenzen aus Schillers Räuber, Malik, Berlin, 1922
  • Abrechnung folgt! 57 politische Zeichnungen, 1923 (= Kleine revolutionäre Bibliothek, Nr. 10).
  • Ecce homo 84 Lithographien und 16 Aquarelle, Malik, Berlin, 1923. Reprint: 1992.
  • Der Spießer-Spiegel, 60 Berliner Bilder nach Zeichnungen, mit einer Selbstdarstellung des Künstlers, Reisner Verlag, Dresden, 1925. (Selbstdarstellung, S. 5- 12). Veränderte Ausgabe, 1932.
  • Hg. mit Wieland Herzfelde, Die Kunst ist in Gefahr, Drei Aufsätze(darin: G. G., Statt einer Biographie), Malik, Berlin, 1925
  • Hintergrund, 17 Zeechnunge fir d'Representatioun vum Schwejk an der Piscator Bühne, Malik, Berlin, 1928
  • Die Gezeichneten, 60 Blätter aus 15 Jahren, Malik, Berlin, 1930.
  • Das neue Gesicht der herrschenden Klasse, 60 neue Zeichnungen, Malik, Berlin, 1930.
  • Über alles die Liebe, 60 neue Zeichnungen, Bruno Cassirer, Berlin, 1930.
  • Interregnum, 64 Zeichnungen und 1 Farblithographie, Black Sun Press, New York, 1936. Mit einer Einleitung von John Dos Passos.
  • 30 Drawings and Watercolors, Erich S. Herrmann, New York, 1944.
  • A Little Yes and a Big No, The Dial Press, New York, 1946
  • Ein kleines Ja und ein großes Nein. Sein Leben von ihm selbst erzählt Rowohlt, Reinbek b. Hamburg, 1955, 1974, 1983. ISBN 3-499-11759-2 * George Grosz, J. Hofbauer (Hg.), 1948.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • George Grosz: Ein kleines Ja und ein großes Nein. Rowohlt Verlag, Hamburg 1955
  • Günther Anders: George Grosz. Verlag der Arche, Zürich 1961
  • Ulrich Faure: Im Knotenpunkt des Weltverkehrs. Herzfelde, Heartfield, Grosz und der Malik-Verlag 1916-1947. Aufbau-Verlag, Berlin/Weimar 1992, ISBN 3-351-02400-2
  • Lothar Fischer: George Grosz. Rowohlt, Reinbek 1976, ISBN 3-499-50241-0
  • Kay M. Flavell: George Grosz, A Biography, Yale University Press. New Haven, London, 1988.
  • Hans Hess: George Grosz. Studio Vista, London 1974, ISBN 0-289-70253-4
  • Hans Hess George Grosz. Verlag der Kunst, Dresden 1982
  • Ivo Kranzfelder: George Grosz 1893-1959. Taschen, Köln 1999, ISBN 3-8228-6596-6
  • Uwe M. Schneede: George Grosz. Der Künstler in seiner Gesellschaft. DuMont Schauberg, Köln 1975, 1984. ISBN 3-7701-0863-9
  • Uwe M. Schneede. (Hrsg.): George Grosz, Leben und Werk. Hatje,, Stuttgart 1975, ISBN 3-7757-0102-8
  • Beth Irwin Lewis: George Grosz, Art and Politics in the Weimar Republic, Madison, London, 1971.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: George Grosz – Biller, Videoen oder Audiodateien