Goldmouk
Goldmouk (†) | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Goldmouk (Bufo periglenes), Männchen | |||||||||||||
Aner Sproochen: | fr: rapaud doré, crapaud de Monteverde de: Goldkröte | ||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Bufo periglenes Savage, 1967 |
D'Goldmouk (Bufo periglenes) war e klenge mëttelamerikanesche Fräsch aus der Gattung vun den Echte Mouken bannent der Famill vun de Mouken (Bufonidae). A verschiddene Systematiken huet dës Aart neierdéngs och de wëssenschaftlechen Numm Incilius periglenes. D'Spezies gouf eréischt an der Mëtt vun den 1960er Joren entdeckt a gëllt haut als ausgestuerwen.
D'Männchercher goufe maximal 48 mm laang an haten eng giel-orange Faarf, d'Weibchercher kunte bis zu 56 mm grouss ginn an haten eng schwaarz-giel Faarf mat scharlachroude Flecken, déi e giel Bord haten.
Si konnt just an engem klengen Territoire vun e puer Quadratkilometer am Biergniwwelbësch am Norde vun Zentral-Costa-Rica, an enger Héicht vun 2000–2100 m, nogewise ginn. Dëst Areal gouf no hirer Entdeckung als „Monte Verde-Niwwelbësch-Reservat“ geschützt. Mä nodeem zanter 1989 do keng Gëlle Mouk méi gesi gouf, gëllt se haut als ausgestuerwen.
D'Goldmouk gëtt dacks als Beispill zitéiert vum allgemengen Zeréckgoe vun den Amphibien, woufir Verännerungen an hirer Ëmwelt duerch de Mënsch, virop de globale Klimawandel, verantwortlech gemaach ginn.
Fir ze liesen
[änneren | Quelltext änneren]- Harding, K. (1993): Conservation and the Case of the Golden Toad. In: British Herpetological Bulletin. 44: 31-34.
- Jacobson, S. (1991): Reproductive Ecology of the Endangered Golden Toad (Bufo periglenes). In: Journal of Herpetology. 25: 321-326.
- Pounds, A. (1996): Conservation of the Golden Toad: A Brief History. In: British Herpetological Bulletin. 55: 5-7.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Goldmouk – Biller, Videoen oder Audiodateien |