Gotescht Haus Iechternach

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gotescht Haus
Maison gothique Echternach 2015-12.jpg
Land Lëtzebuerg
Adress rue Duchscher
Koordinaten 49° 48’ 45’’ N
06° 25’ 04’’ O
Baustil Gotik
Status Klasséiert Monument (SSMN)
Datum vum Bau 14. Joerhonnert

Dat sougenannt Gotescht Haus zu Iechternach ass e Gebai, deem seng Originnen an d'14. Joerhonnert zréckginn.

Dendochronologesch Analyse vun de Plafongsdunne beleeën, datt se vu Beem sinn, déi ëm 1299 gehae goufen. Opfälleg sinn d'gotesch Fënstere mat Dräipass am Giewel, déi typesch fir hir Zäit sinn.

1996 war d'Haus deelweis an e Koup gefall, ma et gouf restauréiert, woubäi de Giewel sou gelooss gouf, datt Deeler, déi eng Kéier ewechgemaach goufen, net nees nei nogebaut goufen.

D'Haus gëtt als Vakanzewunneng verlount.

Den 2. Mäerz 2018 gouf d'Gotescht Haus als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maison gothique (Echternach) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Detail: Fënstere mat Dräipass

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 5. Mäerz 2020).