Festival luxembourgeois du Cyclisme Féminin Elsy Jacobs
| Opgepasst: dësen Artikel ass en Doublon vum Artikel Festival luxembourgeois du cyclisme féminin Elsy-Jacobs. D'Informatiounen aus dësem Artikel sollen dofir an deen aneren agebaut ginn. Et ass net ubruecht fir hei nach weider drun ze schaffen, well en no der Fusioun geläscht gëtt. Wann Dir Problemer beim Uleeë vun Artikelen oder beim Sichen no engem Lemma hutt, da wennt Iech un aner Mataarbechter fir Hëllef ze kréien, oder stellt Är Fro um Stamminee. |
|
| |
| Allgemeng Informatiounen | |
|---|---|
| Grënnungsdatum | 2008 |
| Schlussdatum | 2023 |
| Palmarès | |
|
| |
De Festival luxembourgeois du cyclisme féminin Elsy Jacobs ass eng international Etappecourse am Vëlossport fir Dammen zu Lëtzebuerg. Vun 2008 bis 2011 gouf s'ënnert dem Numm Grand Prix Elsy-Jacobs gefuer.
D'Course gouf ursprénglech vum SaF Zéisséng ënner dem Patronage vun der Gemeng Garnech an zu Éiere vun der Vëlossportlerin Elsy Jacobs (1933 – 1998) organiséiert. D'Elsy Jacobs war 1958 Weltmeeschterin an der Course en ligne zu Reims ginn an hat dat selwecht Joer en neie Stonneweltrekord zu Mailand opgestallt.
De Grand Prix Elsy-Jacobs an de Grand Prix Nicolas-Frantz ginn zanter dem Joer 2012 vum Festival luxembourgeois du cyclisme féminin Elsy-Jacobs ersat, deen als Etappecourse vun zwéin Deeg gefuer gëtt.


Historique
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Oplo vum Grand Prix Elsy-Jacobs gouf de 26. Abrëll 2008 zu Garnech an Ëmgéigend ausgedroen a war an der UCI-Klass 1.1. D'Course mat Depart an Arrivée zu Garnech ass iwwer enger total Distanz vun 92,8 km (8 Ronne vu jee 11,6 km) gefuer ginn. De Parcours ass vu Garnech, laanscht Holzem, op Dippech, Duelem an zeréck op Garnech gaangen. D'Haaptschwieregkeet war de Stouss am Fockebësch, eng Montée tëscht Holzem an Dippech, wou och de Biergpräis disputéiert gouf.
Déi zweet Oplo vum Grand Prix Elsy-Jacobs gouf den 1. Mee 2009 an der Gemeng Garnech gefuer a war an der Klass 2.1. Gewënnerin war d'Russin Svetlana Boubnenkova.[1]
Den 30. Abrëll 2017 gouf de Grand Prix Elsy-Jacobs fir d'éischt vun enger Lëtzebuergerin, der Christine Majerus, gewonnen[2].
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]vun 2008 bis 2023
[änneren | Quelltext änneren]| Gewënner | Zweeten | Drëtten | ||
|---|---|---|---|---|
| 2008 | ||||
| 2009 | ||||
| 2010 | ||||
| 2011 | ||||
| 2012 | ||||
| 2013 | ||||
| 2014 | ||||
| 2015 | ||||
| 2016 | ||||
| 2017 | ||||
| 2018 | ||||
| 2019 | ||||
| 2020 | ofgesot | |||
| 2021 | ||||
| 2022 | ||||
| 2023 | ||||
Zanter 2024
[änneren | Quelltext änneren]Festival Elsy Jacobs um Zens
[änneren | Quelltext änneren]| Gewënner | Zweeten | Drëtten | |
|---|---|---|---|
| 2024 | |||
| 2025 | |||
| 2026 |
Festival Elsy Jacobs zu Garnech
[änneren | Quelltext änneren]| Gewënner | Zweeten | Drëtten | |
|---|---|---|---|
| 2024 | |||
| 2025 | |||
| 2026 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Festival luxembourgeois du Cyclisme Féminin Elsy Jacobs – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Erfolg für Fenixs bei 'GP Elsy Jacobs'. wort.lu.
- ↑ Festival Elsy Jacobs - Majerus feiert Gesamtsieg op worrt.lu vum 30. Abrëll 2017
