Green Party of the United States
Logo | Parteizentral |
---|---|
![]() |
6411 Orchard Avenue, Suite 101 Takoma Park, Maryland 20912 ![]() |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 2001 |
Memberen: | 242.023 (2016)[1] |
Ideologie: | Gréng Politik, Ecosozialismus |
Faarwen: | Gréng |
Websäit: | www.gp.org |
D'Green Party of the United States, kuerz Green Party, GPUS oder Greens ass eng gréng progressiv politesch Partei an den USA.
Si ass no den zwou grousse Parteien (den Demokraten an de Republikaner) an der Libertarian Party déi véiertgréisst Partei am Land wat d'Memberzuele betrëfft.
Si ass 2001 mat der Fusioun vu verschidde lokale grénge Parteien entstanen a konnt sech séier als wichtegst gréng Organisatioun an den USA etabléieren.
D'Green Party krut bei de Presidentschaftswalen 2000 gréisser Opmierksamkeet, well hire Kandidat, de Ralph Nader, iwwer 2,8 Millioune Stëmme (2,74%) krut. Vill Demokraten an och e puer Grénger hunn dem Nader spéider virgeworf, den Al Gore, Kandidat vun den Demokraten, hätt wéinst him d'Wale géint den George W. Bush verluer.[2] Trotzdem bleift dem Nader säin Impakt op den Ausgang vun de Walen ëmstridden.[3],[4]
Commons: Green Party of the United States – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ truthinmedia.com: New Data: Libertarian Party Registrations Rising (10. Mäerz 2016)
- ↑ The New York Times: THE 2000 ELECTIONS: THE GREEN PARTY; Angry Democrats, Fearing Nader Cost Them Presidential Race, Threaten to Retaliate (9. November 2000)
- ↑ The Washington Post: Ralph Nader: I was not a ‘spoiler’ in 2000. Jill Stein doesn’t deserve that insulting label, either. (2. September 2016)
- ↑ counterpunch.org: The Myth of the Spoiler: Why the Machine Elites Fear Democracy (6. Juni 2016)